Bicherbus
Bicherbus
Iwwersiicht
Sech beim Bicherbus aschreiwen
Fir Iech beim Bicherbus anzeschreiwen, fëllt Dir einfach de Formulaire aus, deen Dir am Bus kritt, a gitt en eiser Ekipp of. D’Aschreiwung ass gratis.
Prêten a Retouren
D’Dokumenter aus dem Fong vum Bicherbus kënne mindestens 5 Schaffdeeg am Viraus iwwer a-z.lu reservéiert an dann um gewënschten Arrêt ofgeholl ginn.
Dir kënnt bis zu 20 Dokumenter gläichzäiteg ausléinen. D’Dauer vum Prêt ass 42 Deeg an 21 Deeg fir Dokumenter, déi zum Zäitpunkt vum Prêt vun enger anerer Persoun reservéiert goufen.
Déi ausgeléinten Dokumenter kënnen net nëmmen am Bicherbus, mee och zu all Ament an der automatescher Maschinn baussent dem Gebai vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg zréckgi ginn.
Fuerpläng
-
T01
Uewerkäerjeng - Kënzeg - Péiteng - Rodange - Zolwer
-
T02
Houschent - Pëtschent - Bënzelt - Wäisswampech - Hengescht - Housen
-
T03
Suessem - Betten/Mess - Schuller - Garnech - Stengefort - Klengbetten
-
T04
Reisduerf - Iechternach - Rouspert - Meechtem - Fluessweiler
-
T05
Hesper - Steebrécken - Mamer - Capellen - Giewel
-
T06
Eeschwëller - Déierbech - Dol - Nidderfeelen - Colmer-Bierg
-
T07
Sandweiler - Mutfert - Bus - Réimech - Kanech - Mënsbech - Nidderaanwen
-
T08
Biwer - Konsdref - Waldbëlleg - Dikrech - Fiels - Jonglënster
-
T09
Béiwen/Atert - Useldeng - Biekerech - Réiden/Atert - Groussbus - Mäerzeg
-
T10
Bierchem - Uespelt - Munneref - Duelem - Helleng
-
T11
Bungeref - Bauschelt - Wëntger - Cliärref - Wëlwerwolz
-
T12
Leideleng - Bartreng - Stroossen - Walfer - Luerenzweiler
-
T13
Koplescht - Kielen - Biissen - Kruuchten - Lëntgen
-
T14
Beetebuerg - Keel - Rëmeleng - Schëffleng - Monnerech - Éileng/Mess
-
T15
Äischen - Sëll - Hiefenech - Berbuerg - Rued/Sir
Noriichten
Actualités
-
De neie Bicherbus-Kalenner ass do
Den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Period vu September 2026 bis Februar 2027 ass elo disponibel. En enthält all d’Datumen an d’Arrête vun de 15 wéchentlechen Touren, déi méi wéi 80 Uertschaften am ganze Land bedéngen.
-
Internationales Fahrbibliothekstreffen 2026 in Luxemburg
Im Rahmen des Internationalen Fahrbibliothekstreffens 2026, laden wir herzlich dazu ein, Vorträge und Praxisberichte einzureichen.
-
De neie Bicherbus-Kalenner ass elo disponibel
D’Nationalbibliothéik huet den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Méint vu Mäerz bis Juli 2026 publizéiert.
Aktualiséiert den