Aschreiwung
Aschreiwung
Demarche
Sech online aschreiwen
Falls Dir e Luxtrust-, eID- oder eIDAS-Produit hutt oder an engem staatlech zougeloossene lëtzebuergesche Bildungsinstitut vum Enseignement secondaire oder supérieur ageschriwwe sidd, kënnt Dir Iech iwwer MyGuichet aschreiwen.
Sech op der Plaz aschreiwen
Kommt an d’Rezeptioun, wou Dir en Aschreiwungsformulaire a verschiddenen Sproochen ausfëlle kënnt. Vergiesst net e gültegt Identitéitsdokument matzebréngen.
D’Aschreiwung verlängeren
D’Aschreiwung ass zwee Joer gëlteg. Duerno kënnt Dir se ganz einfach online oder an der Rezeptioun verlängeren.
Relevant Theemen
Är Visitt am Liessall
Net erlaabt
- Rucksäck, Wallissen, Sacochen an aner Poschen
- Mäntel, Jacketten, Reejacketten, Helmer an aner voluminéis Kleedung
- Weenercher, Kannerkutschen a Poussetten
- Laut Gespréicher oder Telefonater
- Iessen a Gedrénks (ausser Waasser)
- Net transparent Fläschen an Thermosfläschen
- Dëscher a Still réckelen
- Computeren, Scanneren, Imprimanten, Kabelen oder aner Equipementer verréckelen oder lass maachen
Erlaabt
- Stëfter, Notizbicher a Schachtelen
- Laptoppen, Tabletten an Handyen (op lautlos)
- Eng kleng transparent Waasserfläsch
- Net voluminéis Kleedung wéi Sakkoen, Overshirts, Pulloveren, Hitt a Schaler
Oft gestallte Froen
Muss ech mech umellen, fir d’Servicer vun der BnL ze benotzen?
Jidderee ka fräi an de Liessall goen. Och ouni Aschreiwung kënnt Dir Dokumenter aus dem Fräihandberäich op der Plaz consultéieren, un eisen Evenementer deelhuelen, eis Ausstellunge besichen an eis Raimlechkeete benotzen.
Eng Aschreiwung ass awer erfuerderlech, wann Dir:
- Dokumenter aus de Magasénge consultéiere wëllt,
- Dokumenter reservéieren oder ausléine wëllt,
- d’Computeren oder d’Kopiesmaschinne benotze wëllt,
- e Grupperaum reservéiere wëllt.
Muss ech a Lëtzebuerg wunnen oder d’lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, fir mech anzeschreiwen?
Nee. All Persoun ab 14 Joer kann sech an der BnL aschreiwen, egal wéi eng Nationalitéit si huet oder wou si wunnt.
Allerdéngs ass de Prêt an den Zougang zu digitale Ressourcë just deene Benotzer virbehalen, déi a Lëtzebuerg oder an de Grenzregioune wunnen.
Meng Aschreiwung ass ofgelaf. Wéi kann ech se verlängeren?
D’Aschreiwung ass zwee Joer gëlteg. Duerno kënnt Dir se ganz einfach verlängeren:
- an der Rezeptioun vun der BnL oder
- online an e puer Klicks iwwer MyGuichet.
Ech hu meng Bibliothéikskaart verluer. Wat soll ech maachen?
Falls Dir Är verluer hutt, kënnt Dir fir 5 € eng nei Kaart an der Rezeptioun ausstelle loossen.
Aktualiséiert den