Visioun
Visioun
Iwwersiicht
Strategesche Kader
Den Aarbechtsprogramm vun der Nationalbibliothéik baséiert op siwe Prinzippien a Wäerter souwéi op néng strategeschen Ziler, déi hir Visioun a konkret Handlungen ëmsetzen.
Prinzippien a Wäerter
- Mir encouragéieren de Virwëtz duerch eis Fongen, eis Sammlungen, eis Dokumenter an eis Aktivitéiten a mir fërderen Kreativitéit, Austausch a Reflexioun.
- Mir handelen, an all eise Schrëtt, mat Respekt fir eis Benotzer an hir Bedierfnesser, eis Fongen an hir Notzung, eis Donateuren a Beneficiairen, eis Partner an eis Mataarbechter an hir kierperlech a mental Gesondheet.
- Eis Aart a Weis ze handelen ass dynamesch a proaktiv, mä si baséiert och op Traditioun a Kontinuitéit.
- Mir ënnerstëtzen Ausbildung a Wëssenschaft andeems eis Sammlungen an Dokumenter duerch performant an innovativ Sichmaschinne verfügbar gemaach ginn.
- Mir wëllen eist Wëssen, eis Expertise an eis Erfarunge mat eisen nationalen an internationale Partner deelen fir Projeten duerchzeféieren a gemeinsam Praktiken ze verbesseren.
- Mir garantéieren e liewenslaangt Léieren andeems mir en einfachen an zouverlässegen Zougang fir näischt op eng grouss Unzuel vun Dokumenter ubidden.
- Mir setzen eis an fir d’Wëssen an de kulturelle Patrimoine op eng nohalteg Manéier ze erhalen a féieren d’Open Access-Strategie zu Lëtzebuerg weider.
Strategesch Ziler
- Mir proposéieren en einfachen Zougang zu Sammlungen a Servicer an adaptéieren se un nei Bedierfnesser.
- Mir digitaliséieren patrimonial Kollektiounen.
- Mir entwéckelen, beräicheren, ergänzen, verwalten a konservéieren Manuskripter, gedréckt, digital an audiovisuell Sammlungen.
- Mir assuréiere kulturell, pedagogesch a wëssenschaftlech Valorisatioun.
- Mir stäerken d’Kultur vun der Unerkennung, der Zesummenaarbecht an der Formatioun.
- Mir fërderen den digitalen Transformatiounsprozess vun der BnL.
- Mir promouvéieren d’Beruffer an den Informatiounswëssenschaften.
- Mir verdéiwen national an international Partnerschaften.
- Mir schaffen en Infrastrukturentwécklungsplang aus.
Aktualiséiert den