Missiounen a geschichtlechen Iwwerbléck
Missiounen a geschichtlechen Iwwerbléck
Missiounen
Gesetzleche Kader
D’Aufgabe vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg si gesetzlech festgeluecht a decken e breede Beräich of:
- Als patrimonial Bibliothéik sammelt, versuergt, dokumentéiert a vermëttelt si dat nationaalt kulturellt Ierwen, besonnesch am Kader vum Dépôt légal. Si ergänzt a verdéift hir Sammlungen, geréiert Spezialsammlungen (Manuskripter, rar a wäertvoll Dréck, Museksdokumenter, ikonografesch Materialien, Kaarten a Pläng asw.) a stellt d’Nationalbibliographie zesummen.
- Als wëssenschaftlech a Fuerschungsbibliothéik baut si Sammlunge mat net-lëtzebuergeschem Ursprong op, dorënner gedréckten an digital Publikatiounen, Datebanken an audiovisuellt Material.
- Si garantéiert den Zougang zu de Sammlungen op der Plaz an op Distanz, ënner anerem duerch de Prêt an d’Consultatioun am Liessall, an och mat Hëllef vu modernen Technologien.
- Si koordinéiert an ënnerstëtzt de nationale Bibliothéiksreseau, geréiert gemeinsam IT-Systemer, fërdert eenheetlech bibliothéikswëssenschaftlech Standarden a bedeelegt sech un der Gestioun vu Metadaten an nationalen an internationalen Identifikatiounssystemer.
- Si engagéiert sech an der Fuerschung, der Weiderbildung an der Kooperatioun an organiséiert wëssenschaftlech Projeten, Konferenzen a kulturell a pedagogesch Aktivitéiten.
Relevant Theemen
Aktivitéitsrapporte vun de leschte Joren
Aktualiséiert den