Ikonographesch Sammlung
Ikonographesch Sammlung
Iwwersiicht
Inhalt vun der Sammlung
D’Nationalbibliothéik versuergt eng bemierkenswäert Sammlung vu Kënschtlerbicher, bibliophillen an illustréierte Bicher, Portraiten an Drockgrafiken, vun deene vill Eenzelstécker sinn.
D’Sammlung zielt 233 lëtzebuergesch Kënschtlerbicher an ongeféier 1 300 Wierker aus dem Ausland. Dat sinn ënner anerem illustréiert Gedichtbänn, Objetsbicher, Konzeptbicher a Bicher déi vun enger eenzeger Persoun gezeechent, gravéiert a gesat goufen.
Zousätzlech ëmfaasst d’ikonographesch Sammlung ongeféier 3 200 Lëtzebuerger ikonographesch Dokumenter an ongeféier 2 800 Drockgrafiken.
Sichen a consultéieren
Dir kënnt d’Dokumenter aus der ikonographescher Sammlung iwwer den Online-Katalog a-z.lu sichen a reservéieren. Dës seelen a wäertvoll Dokumenter kënne just op der Plaz a mat Rendez-vous am Rara-Liessall Dr Jean-Claude Loutsch consultéiert ginn.
Artikelen zu Dokumenter
Publikatiounen a Verbindung mat der Sammlung
Publications
Relevant Theemen
Aktualiséiert den