Musekssammlung vum Cedom
Musekssammlung vum Cedom
Säit hiren Originne sammelt a konservéiert d'Nationalbibliothéik musikalesch Dokumenter. De Centre d'études et de documentation musicales (Cedom), dee 1989 gegrënnt gouf, huet d'Aufgab den handgeschriwwenen a gedréckte Musekspatrimoine vu Lëtzebuerg ze sammelen, ze konservéieren an zougänglech ze maachen. Am Zentrum vun der Musekssammlung vum Cedom sti gedréckten an handgeschriwwene Partiture souwéi d'Archivfonge vu Komponisten a Kollektivitéiten, déi mam Museksliewen an der Museksgeschicht vum Land a Verbindung stinn. Zousätzlech zu senger gesetzlecher Missioun huet de Cedom och eng Sammlung vun Tounopnamen, déi aus CDen, DVDen, Schallplacken, Tounbänner a -kassette besteet, an iwwerhëlt esou d'Funktioun vun engem zentrale Museksarchiv zu Lëtzebuerg.
E speziellen Deel vum net-lëtzebuergesche Fong ass der Musek gewidmet an enthält esouwuel Bicher, Nouten, Zäitschrëften, ewéi och E-Books, digital Zeitungen an Datebanken.
Digital Ressourcen
D’Nationalbibliothéik bitt Iech ëmmer méi digital Dokumenter un.
Prêt a Consultatioun
D’Medie vum Cedom a vum net-lëtzebuergesche Museksbestand kënnt Dir online iwwer a-z.lu virbestellen an entweder ausléinen oder op der Plaz consultéieren.
Seelen a wäertvoll Bestänn vum Cedom (handgeschriwwe Partituren, Placken an Audiokassetten oder Dokumenter aus de Komponisten-Archiven) kënnen net mat heem geholl ginn. Dir kënnt se awer iwwer a-z.lu oder op schrëftlech Ufro reservéieren an am Rara-Liessall um 1. Stack consultéieren.
Didaktesch Hefter
D'Carnets didactiques - De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D'didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.
D'Sammlung De Litty ass d'Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D'Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.
Dokumenter ënnert der Lupp
Eis Mataarbechter maachen Iech op verschidden Dokumenter aus eise Fongen virwëtzeg.
-
Der Komponist René Hemmer
1919-2019* -
D’Gebuertsstonn vun eiser Nationalhymn
„Ons Heemecht” an dem Jean-Antoine Zinnen säi musikalescht WierkDe 5. Juni 1864 war zu Ettelbréck dat éischt landeswäit Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein (ALM). Um Festprogramm stoung Ons Heemecht, e Wierk fir véierstëmmege Männerchouer, komponéiert vum Jean-Antoine Zinnen op Gedicht vum Michel Lentz aus dem d’Joer 1850. D’Leit ware begeeschtert an hunn d’Wierk mat groussem Applaus geféiert.
-
Différentes étapes de l’écriture musicale
Des neumes médiévaux aux dessins contemporainsSe confondant avec l’histoire de l’humanité, les traces de la musique se perdent dans la nuit des temps, et si les archéologues savent en retranscrire le chemin, les musiciens et les musicologues ne partagent pas ce bonheur, puisque cet art, si éphémère durant des millénaires, ne se transmettait qu’oralement.
Aktualiséiert