De Cedom publizéiert 6 weider Inventairë vu Museksarchiven op a-z.lu

Musekssammlung vum Cedom

No der éischter Publikatioun vun Inventairë vu Museksarchiven am November 2023 huet de Cedom dës Offer elo mat den Inventairë vun de Museksarchiven vum Théodore Decker, Peter Faber, Victor Goldschmit, Alfred Kowalsky, René Mertzig a Paul Sontag erweidert. Dës sinn elo fräi op a-z.lu zougänglech.

D’Museksarchiven vun dëse Lëtzebuerger Komponisten ëmfaassen eng Villfalt vun Dokumenter, dorënner:

  1. musikalesch an/oder textlech Wierker a Form vu Skizzen, Manuskripter oder Editiounen;
  2. Korrespondenzen, wéi Bréiwer a Postkaarten;
  3. biographesch Dokumenter, déi d’Ausbildung, de Studium an de beruffleche Wee vum Komponist beschreiwen, wéi Diplomer, Zertifikater, Éieremedailen, CVen, Fotoen a perséinlech Géigestänn;
  4. Sammlerstécker wéi Ausschnëtter aus der Press, Programmë vu Concerten, Affichen a signéiert oder kommentéiert Dokumenter.

Dës Museksarchiven ginn en eenzegaartegen Abléck an d’Liewen, d’Wierk an den Impakt vun dëse bedeitenden Museker op d’Kulturgeschicht vum Land.

D’Publikatioun vun dësen Inventairen op a-z.lu stellt e wichtege Meilestee vum kontinuéierlechen Engagement vum Cedom duer, de musekalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg accessibel ze maachen. Et ass eng wäertvoll Ressource fir Fuerscher, Studenten, Musekswëssenschaftler an och Museksbegeeschterter.

D’Inventairë sinn a Form vu Lëschte  disponibel, déi ënnert anerem den Titel vum Wierk, d’Auteuren / Komponisten / Arrangeuren, den Datum vun der Kreatioun an d’Format ëmfaassen. Fir dës Lëschten ze consultéieren, sicht einfach op a-z.lu nom Stéchwuert „Fonds“ mam Familljennumm vum jeeweilege Komponist hannendrun. Déi verschidden Inventairë kënne mam Stéchwuert „Fonds musicaux“ fonnt ginn an andeems Dir de Filter „Collections d’archives“ an der Rubrik „Type de document“ aktivéiert.

Iwwersiicht vun de Komponisten an hire Museksarchiven

Théodore Decker

Den Decker, Enseignant vu Beruff, ass um Enn vum 19. Joerhonnert no Vannes (Frankräich) ausgewandert an huet sech do als talentéierte Museker a Komponist, besonnesch am Beräich vun der geeschtlecher Vokalmusek, en Numm gemaach. Säin Archiv ëmfaasst esou wuel seng geeschtlech Wierker, wéi och manner bekannte weltlech Kompositiounen.

Zougrëff via a-z.lu

Peter Faber

De bekannte Chansonnier a Frënd vum Poutty Stein huet e beandrockend musekalescht Ierwen hannerlooss. Säin Archiv bitt Ablécker an d’musekalesch Cabaret-Zen vu Lëtzebuerg am fréien 20. Joerhonnert.

Zougrëff via a-z.lu

Victor Goldschmit

E bedeitenden Komponist vu Lëtzebuerger Lidder an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert. Säin Archiv enthält vill Informatiounen iwwer säi bis ewell wéineg erfuerchte Wierk a Liewen.

Zougrëff via a-z.lu

Alfred Kowalsky

De Kowalsky, Direkter vun der Museksschoul zu Esch-Uelzecht, war virun allem als Pianist a Komponist bekannt. Seng Oper Griselinde, Korrespondenz, Fotoen a verschidde Memberskaarte bidden en ëmfaassende Abléck a säi Liewen.

Zougrëff via a-z.lu

René Mertzig

Mat senge Wierker, déi vum franséischen Impressionismus inspiréiert waren, huet de Metzig ganz Generatioune vu Museker beaflosst. Säin Archiv enthält och Korrespondenzen a biographesch Dokumenter.

Zougrëff via a-z.lu

Paul Sontag

De Sontag, Eisebunner vu Beruff, war zudeem e bekannte Sänger a Museksdirekter. Säin Archiv ëmfaasst Dokumenter, déi säi musekalescht Schafe beliichten, an e puer seele Kompositiounen, déi nei Perspektiven op säi Liewen a Wier opmaachen.

Zougrëff via a-z.lu

Aktualiséiert den