Acquisitioun an Donen

Acquisitioun an Donen

Acquisitioun

Charte vun der Acquisitiounspolitik

D’Dokumenter vum net-lëtzebuergesche Fong gi vum Personal aus de jeeweilege Fachberäicher ausgewielt. D’Wierker, déi ugeschaaft solle ginn, ginn no de Critèren identifizéiert a ausgewielt, déi an der Acquisitiounspolitik vum Fong festgeluecht sinn.

D’Charte vun der Acquisitiounspolitik eroflueden (Pdf, 251 Kb)

Acquisitounsvirschlag

Wann Dir en Dokument net an eise Sammlunge fannt, kënnt Dir iwwer a-z.lu en Acquisitiounsvirschlag maachen, virausgesat dat Är Aschreiwung an der BnL ass gülteg ass. All Ufro gëtt am Hibléck op déi aktuell Politik iwwerpréift a kann, jee no Fall, zum Kaf vum Dokument oder zu engem Prêt international féieren.

En Acquisitiounsvirschlag maachen

Don vu Dokumenter

Wann Dir drun interesséiert sidd, d’Nationalbibliothéik z’ënnerstëtzen, da kënnt Dir eis zum Beispill Dokumenter schenken. E besonneschen Interessi gëllt dem lëtzebuergesche Fong. D’Nationalbibliothéik behält sech d’Recht vir, Donen am Aklang mat der Acquisitiounspolitik ze traitéieren. Dat heescht, datt verschidden Dokumenter no de gängege Kassatiounsprinzippien aussortéiert kënne ginn.

All Don gëtt iwwerpréift. Publikatiounen, déi net considéréiert ginn, ginn entweder verworf oder un änlech Institutiounen oder aner lëtzebuergesch Bibliothéike weidergeleet, déi d’Critèrë vun den ugebuedenen Dokumenter besser erfëllen.

E Spendevirschlag maachen

Mécénat

Wann Dir drun interesséiert sidd, d’Nationalbibliothéik bei spezielle Projeten, ewéi zum Beispill der Restauréierung vu Plakater, z’ënnerstëtzen, dann hutt Dir d’Méiglechkeet, en Don iwwer de Fonds culturel national ze maachen, deen Dir vun der Steier ofsetze kënnt.

Enn 2016 huet d’BnL ugefaangen, hir Sammlung vu Plakater no an no ze digitaliséieren an online ze verëffentlechen. Leider si vill Plakater an engem schlechten Zoustand, well se futti oder ofgenotzt sinn, a musse fir d’éischt restauréiert ginn, fir se kënnen ze digitaliséieren an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen. Mat engem Don kënnt Dir dëse Projet ënnerstëtzen.

En Don maachen

Oft gestallte Froen

Ech hunn e Buch geschriwwen. Kann ech der Nationalbibliothéik en Exemplaire schenken?

  • Wann Är Publikatioun zu Lëtzebuerg produzéiert oder verëffentlecht gouf, verpflicht Iech d’Gesetz iwwert den Dépôt légal, Exemplairen un d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg ofzeginn.
  • Wann Är Publikatioun am Ausland produzéiert oder verëffentlecht gouf an Dir d’lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft hutt, kontaktéiert wannechgelift eise lëtzebuergesche Fong.
  • Wann Är Publikatioun net zu Lëtzebuerg produzéiert oder verëffentlecht gouf an Dir keng lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft hutt, kënne mir dës Schenkung leider net unhuelen. Dir kënnt awer iwwert a-z.lu en Acquisitiounsvirschlag maachen, virausgesat Dir hutt eng gëlteg Aschreiwung bei der Nationalbibliothéik. Äre Virschlag gëtt duerno am Aklang mat den aktuelle Richtlinne gepréift.

Wéi eng Zorten vu Dokumenter kënnen der BnL fir de lëtzebuergesche Fong a fir d'Spezialsammlungen gespent ginn?

D’BnL akzeptéiert Lëtzebuerger oder auslännesch Publikatiounen am Zesummenhang mam Grand-Duché oder dem fréieren Herzogtum fir hir historesch an zäitgenëssesch Sammlungen, wann se net schonn am lëtzebuergesche Fong sinn, oder fir dës Sammlungen z’ergänzen:

  • Bicher, Flyeren, vergraffen oder seelen Zäitschrëften,
  • Manuskripter,
  • Typoskripter,
  • illustréiert- an Textplakater,
  • Kalenneren,
  • al illustréiert Postkaarten,
  • Kaarten,
  • gedréckten an handschrëftlech Partituren,
  • Archivbestänn vu Komponisten oder musikalesch Kollektivitéiten,
  • Toundokumenter,
  • ikonographesch Dokumenter
  • an al Handelsdréck.

Wéi eng Zorten vu Dokumenter kënnen der BnL fir den net-lëtzebuergesche Fong gespent ginn?

D’BnL akzeptéiert Bicher an Zäitschrëften, déi de Critèrë vu senge wëssenschaftlechen Aufgaben entspriechen. Si refuséiert dofir Publikatioune fir Kanner a Jugendlecher, Guiden, beschiedegt Bicher oder Bicher mat vereelzten Inhalter, souwéi Titelen, déi scho bei der BnL disponibel sinn. Fir den net-lëtzebuergeschen Fong ginn Donen nëmmen ugeholl, wa se der BnL gratis zur Verfügung gestallt ginn.

Aktualiséiert den