Persistent Identifier

Persistent Identifier

D’laangfristeg Erhale vun digitalem Contenu ass, bedéngt duerch d’technologesch Obsoleszenz, Hardware- a Softwarefeeler oder Dateverstümmelung, esouwéi déi temporär a liicht verännerbar Natur vun de Weblinken, keng einfach Aufgab. Fir dëse leschten Aspekt unzegoen, huet d’Nationalbibliothéik e Persistent-Identifier-System agefouert, deen um Archival-Resource-Keys-Format (ARK) baséiert a sécherstellt, dass Linken zu Lëtzebuerger digitale Ressourcen dauerhaft zougänglech bleiwen. All Organisatioun zu Lëtzebuerg, déi digital Kollektioune verwalt, ka vun dësem Service profitéieren.

Haaptvirdeeler

D’ARK-Format baséiert op follgende Grondprinzippien:

Breeden Uwendungsberäich

ARKe kënnen allen digitalen, physeschen oder abstrakte Géigestänn zougeuerdent ginn: digitaliséierten oder digital entstanenen Dokumenter an Objeten, (wëssenschaftlechen) Publikatiounen an Datesätz, genealogeschen Duerstellungen, Muséesexemplairen, Léiermaterialien, Auteuren, Wëssenschaftler an esou weider. Zënter 2001 hu sech weltwäit méi wéi 1.000 Organisatioune fir d’Zouweise vun ARKe gemellt; heizou gehéieren National- an Universitéitsbibliothéiken an -archiven, Konschtmuséeën, naturhistoresch Muséeën, Editeuren, Datenzenteren, staatlech Ariichtungen, Händler a Fuerschungslaboratoiren.

Bestännegkeet

ARKe stellen e kontinuéierlechen Zougang zu digitalen Informatioune sécher a garantéiere Stabilitéit trotz technologesche Verännerungen (wéi Ännerunge vun Zougangs-URLen duerch System-Upgraden oder Formatmigratiounen) oder organisatoreschen Ännerungen (wéi dem Wiessel vum Numm vun enger Organisatioun). Si verbesseren d’Zitéierbarkeet vu Linken an erlaben et dem Notzer, konkreet digital Ressourcë méi einfach iwwer Hyperlinken ze referenzéieren an ze identifizéieren. Dëst mécht et méi einfach, Ressourcen a ganz ënnerschiddleche Kontexter, wéi Publikatiounen, wëssenschaftlechen Artikelen, Websäiten oder Bookmarken, ze zitéieren, an et erhält d’Stabilitéit an d’Funktionalitéit vun den Hyperlinken iwwer d’Zäit.

Keng Neizouuerdnung

Wann en ARK-Identifier bis emol zougeuerdent a mat engem Objet verbonnen ass, bleift en op onbestëmmten Zäit unique. Souguer wann eng Ressource suppriméiert gëtt, ass et extreem wichteg, dass e verëffentlechten ARK weider besteet an de Notzer entweeder zu de Metadate vun der Ressource oder zu enger Erklärung fir hir Net-Zougänglechkeet féiert. Ausserdeem kann een dem Notzer Zougang zu enger Ersatzressource ginn.

Opacitéit

D’Zeechekombinatiounen, déi a Persistent Identifier benotzt ginn, sinn am Allgemengen „opak“ (ouni Bedeitung) a vermëttelen absichtlech wéineg Informatiounen iwwer déi Saach, där se zougeuerdent sinn. Opak Identifier bleiwen iwwer d’Zäit onverännert a garantéieren e konstanten Zougang zu digitale Ressourcen, och wann hiren Emplacement oder d’Metadaten änneren. Doduerch, dass keng Informatiounen iwwer d’Ressource selwer vermëttelt ginn, gëtt och de Schutz vun der Privatsphär an d’Sécherheet verbessert.

Metadaten

Metadaten („Daten iwwer Daten“, d.h. Informatiounen iwwert eng Ressource) maachen et vill méi einfach, fir opak Identifier ze verstoen, déi keen Hiweis op dat enthalen, wat duerch si identifizéiert gëtt, a fir domat ze schaffen. Ouni Metadate wier déi eenzeg Méiglechkeet, fir erauszefannen, op wat fir een Objet en ARK verweist, dass een direkt géif op den Objet zougräifen. Onofhängeg dovun, ob en ARK zu enger Websäit oder engem Fichier féiert, liwweren d’Metadaten wichteg Informatiounen iwwert den Objet, wéi z.B. den Datum, op deem e kreéiert gouf, seng Originn, an d’eventuell Verfügbarkeet vu méi neie Versiounen. Fir op Metadaten vun enger Ressource zouzegräifen, kann een einfach bei den ARK „?info“ bäiflécken (Beispill: https://persist.lu/ark:70795/tm9z0j?info). Och wann d’Kreatioun vu Metadaten net onbedéngt noutwendeg ass, gëtt se awer staark recommandéiert, fir d’Benotzen an d’Verwalte vun ARKe méi einfach ze maachen.

Am Fall vum Persistent-Identifier-Service vun der BnL enthalen d’Metadaten Informatiounen iwwer d’Organisatioun, déi den ARK kreéiert huet, déi aktuell Zougangs-URL fir d’Ressource an den Zäitpunkt vun der Kreatioun a vum leschten Update vum ARK. Fir dass een et besser versteet, sinn dës Metadaten als Äntwert op d’Froe „Wien?“, „Wat?“ a „Wéini?“ strukturéiert.

D’„Policy / Persistence Statement“ („Politik / Persistence-Erklärung“) gëtt en Iwwerbléck iwwer der Organisatioun hiren Engagement am Zesummenhang mat der Aart a Weis, wéi d’Ressource verbreet wäert ginn, an domat, ob de Contenu am Laf vun der Zäit wäert änneren oder wéi laang se wäert accessibel bleiwen.

Wéi funktionéieren Persistent Identifier?

En ARK besteet aus dräi Haaptdeeler: dem Resolver, dem Unique Core Identifier (och als Base Object Name bezeechent) an engem optionale Suffix.

Resolver

E Persistent Identifier funktionéiert och, wann d’Websäit vun der verbonnener Ressource ännert. Dëst gëtt duerch e Resolver erméiglecht, deen als spezialiséiert Websäit déngt, déi Identifier op dee passendsten aktuellen Emplacement ëmleet. D’persist.lu-Websäit déngt als Resolver fir ARKen, déi Organisatiounen zu Lëtzebuerg zougewise goufen. Fir eng wierksam Ëmleedung sécherzestellen, mussen Institutiounen, déi d’Recht hunn, ARKen zouzeweisen, hir URLen à jour halen an dem Resolver all Ännerunge mellen.

E Resolver kombinéiert e Protokoll (z.B. „https“ oder „http“) mat engem Hostname, deen als Name Mapping Authority bezeechent gëtt, well et e Service ass, deen en Numm als Input akzeptéiert an en zu Informatiounen wéi dem Contenu vum Objet, de Metadate vum Objet oder den Object Policies zréckleet (dohi „mapt“). Obwuel Multiple Hosting Arrangements méiglech sinn, sinn der nëmmen e puer geduecht, fir laangfristeg stabel ze sinn. Sou féiert zum Beispill souwuel https://persist.lu/ark:70795/tm9z0j wéi och https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/tm9z0j zu der selwechter Ressource (d’Editioun vum 3. Mee 2002 vun d’Lëtzebuerger Land), mä nëmme bei der persist.lu-URL ass garantéiert, dass se fir déi kommend Joerzéngten op déi selwecht Aart a Weis funktiounsfäeg bleift.

Core Identifier

De Base Object Name respektiv de Core Identifier besteet aus dräi Deeler: dem „ark:“-Label, der Name Assigning Authority Number (NAAN) an dem Numm, deen dem Objet zougeuerdent ass. D’NAAN ass eng Nummer oder Zeechekombinatioun, duerch déi eng Organisatioun, déi Identifier kreéiert oder zouweist, identifizéiert gëtt. Am Beispill weider uewen ass „70795“ d’NAAN, déi der Nationalbibliothéik zougewise gouf, wärend mat „tm9z0j“ de konkreten Objet (an dësem Fall eng digitaliséiert Zeitungseditioun) identifizéiert gëtt.

Optional Suffixen

An ARK-Persistent Identifier si Suffixen optional Elementer, déi zousätzlech Informatiounen iwwer déi identifizéiert Ressource liwweren. Si sinn e flexibelt a villsäitegt Mëttel, fir en zousätzleche Kontext a méi Granularitéit bei der Identifizéierung vu Ressourcen ze bidden, an si erlaben dem Notzer, je no Bedarf verschidden Aspekter oder Variante vun enger Ressource genee ze spezifizéieren an dorop zouzegräifen (verschidde Versiounen, Formater oder Deeler vu méi engem grousse Ganzen). Wärend de Core Identifier ëmmer bei déi selwecht Ressource oder hir Metadate féiert, kann et eventuell sinn, dass d’Ëmleedung vun de Suffixen net ëmmer garantéiert ass, well se oft vun de Fäegkeete vun der konkreter Access Platform ofhänkt.

Fir Lëtzebuerger Organisatiounen

All Organisatioun zu Lëtzebuerg, déi digital Kollektioune verwalt, ka vum Persistent-Identifier-Service profitéieren. Si mussen sech allerdéngs averstanen erklären, fir:

  • ARK-referenzéiert URLen à jour ze setzen, wann d’Access Linken änneren;
  • dat laangfristegt digitalt Erhale vun Objeten, déi duerch ARKen referenzéiert sinn, sécherzestellen;
  • e System anzeriichten, fir ze erklären, firwat en Objet net zougänglech ass, wann e suppriméiert ass;
  • d’Zougänglechkeet vun ARK-referenzéierten URLen am Internet ze garantéieren, woubäi een entweeder Zougang zum digitalen Objet accordéiert oder d’Zougangsbedéngunge bereetstellt.

Den Nationalarchiv (NAAN 76610) an de Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (NAAN 72849) sinn déi éischt Institutiounen, déi de Persistent-Identifier-Service notzen.

Notzung an der BnL

Mam Aféiere vum ARK als hirem Persistent-Identifier-Format a mam Ubidde vun dësem Service huet d’BnL ugefaang, ARKen zouzeweisen an iwwert e Resolver ëmzeleeden. Am Ufank huet dës Initiativ sech op digitaliséiert Dokumenter konzentréiert, déi op eluxemburgensia.lu verfügbar waren an zu deene méi wéi 100.000 ARKen gehéiert hunn, déi digitaliséierten Dages- a Wochenzeitungen, Handschrëften, Bicher, Plakaten a Posteren zougeuerdent waren.

Am Laf vun deene leschte Joren ass d’Zouweisung vun ARK-Persistent Identifier an der Nationalbibliothéik Deel vun der deeglecher Routine ginn. Haut kommen ënnerschiddlech Materialie wéi digital entstane Publikatiounen, bibliographesch Notizen, Autoritéitsdateien a verschidde Websäiten oder Policy-Dokumenter fir d’Zouweisung vun ARKen a Fro.

Gläichzäiteg huet d’Nationalbibliothéik déi substanziell Aufgab iwwerholl, al Referenzen op verschiddene Plattformen, wéi dem a-z.lu-Portal an der BnL-Website, duerch ARKen am persist.lu-URL-Format ze ersetzen.

Aktualiséiert den