Ëffnungszäiten an Accès

Ëffnungszäiten an Accès

D’Nationalbibliothéik ass en ëffentleche Raum um Kierchbierg, dee fir jiddwereen op ass. Als gréisst Bibliothéik vum Land bitt Iech d’BnL eng Panoplie vu Ressourcen. Den Zougang ass gratis.

Ëffnungszäiten

D’Nationalbibliothéik ass sonndes an op Feierdeeg zou.

Liessall a Mediathéik

  • Méindeg: vu 14.00 bis 20.00
  • Dënschdeg - Freideg: vun 10.00 bis 20.00
  • Samschdeg: vun 10.00 bis 18.00

Rara-Liessall

  • Dënschdeg - Freideg: vun 10.00 bis 18.00
  • Samschdeg: vun 10.00 bis 17.00

Prêt- an Informatiounsguicheten

  • Dënschdeg - Freideg: vun 10.00 bis 19.00
  • Samschdeg: vun 10.00 bis 18.00

Accès

Accès mam Vëlo

Dir kënnt Äre Vëlo ënnert eisem iwwerdeckte Vëlosstänner (Westsäit vum Gebai) oder beim Vëlosstänner (Ostsäit vum Gebai) ofstellen. Laanscht de gréngen Eck op der Ostsäit vum Gebai gëtt et och eng vel’OH!-Statioun.

Accès mam ëffentlechen Transport

Den Tramarrêt Nationalbibliothéik ass direkt virun der Haaptentrée vun der Bibliothéik. D’Busarrêten Labours an Albert Borschette sinn och zu Fouss liicht z’erreechen. 

Wee plangen

Accès mam Auto

Den Accès vum ënnerierdesche Parking ass an der Rue Albert Borschette. De Foussgänger-Ausgang bréngt Iech bei d’Haaptentrée vun der Bibliothéik. Déi éischt 30 Minutten am Parking si gratis. An deem Fall stiecht Ären Billjee net an den Automat. No dësem Delai, musst Dir de Parking bezuelen.

  • Bibliothèque nationale du Luxembourg

    Adress:
    37D Avenue John F. Kennedy L-1855 Luxembourg

Mënsche mat enger ageschränkter Mobilitéit oder engem visuellen Handicap

All d’ëffentlech Beräicher vun der Nationalbibliothéik si fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit oder engem visuellen Handicap zougänglech: Lifter, ugepasste sanitär Anlagen, en taktile Leitsystem a Rampen erméiglechen e barriärefräien Accès.

Aktualiséiert