Räim fir Är Evenementer

Räim fir Är Evenementer

 D’Nationalbibliothéik verlount hir Räim fir Evenementer un Associatiounen, Instituter oder Entreprisen.

Amphitheater

Mat senger fester Opmaachung bitt de Raum e modernen a funktionelle Kader fir Presentatiounen, Virliesungen oder Pressekonferenzen.

Kapazitéit

  • 74 Klappsëtzer
  • 2 Plaze fir Rollstill

Equipement

  • Feste Riednerpult
  • Méiglechkeet, bis zu 2 Dëscher a 4 Still fir zousätzlech Intervenanten derbäizestellen
  • Mikroen ouni Kabel
  • Leinwand a Projekter
  • Klappdësch a Steckdous bei all Sëtzplaz
  • Wi-Fi

Präis

Den Dagespräis bedréit 1 100 € mat alle Steieren abegraff. Eng Verlounung op d’Stonn gëtt net ugebueden.

Reuniounssall

De Raum ass komplett modulär a ka mat Dëscher a Stull ageriicht ginn oder oppe gelooss ginn. E bitt e flexibelen a multifunktionale Kader, ideal fir Reuniounen, Workshoppen oder verschidde kleng Evenementer.

Kapazitéit

  • 22 bis 50 Persounen, ofhängeg vum Opbau vum Raum
  • 75 m2

Equipement

  • Riednerpult
  • Opstellung vun Dëscher a Stull an U-Form oder a Reien
  • Mobillen Ecran
  • Wi-Fi
  • Dëse Raum huet kee Sonorisatiounssystem (Mikroen).

Präis

Den Dagespräis bedréit 800 € mat alle Steieren abegraff. Eng Verlounung op d’Stonn gëtt net ugebueden.

Oft gestallte Froen

Wéi kann ech eng Reservatioun ufroen?

Kontaktéiert eis wgl. per E-Mail fir eng Ufro ze maachen. Gitt dobäi esou vill Informatiounen zu Ärem Evenement wéi méiglech un. Mir iwwerpréiwen dann eis Disponibilitéiten a mellen eis bei Iech.

Kann ech de Raum kucke kommen éier ech de Kontrakt ënnerschreiwen?

Jo, mir empfeelen Iech, de Raum op Rendez-vous kucken ze kommen, fir sécherzestellen, datt en Äre Besoinen entsprécht.

Ass et méiglech Iessen a Gedrénks ze zerwéieren?

Nee, dëst ass net erlaabt. Et dierf virun, wärend a nom Evenement keen Iessen a Gedrénks zerwéiert ginn. Et ass also net méiglech e Vin d’honneur oder Aperitif unzebidden.

Wat ass am Dagespräis mat abegraff?

Den Dagespräis ëmfaasst d’Locatioun vum Sall a säi Standard-Equipement. D’Nationalbibliothéik bitt iwwerdeems och un:

  • Technesch Ënnerstëtzung virum Evenement (Test vu Video a Toun)
  • Opriichte vun de Miwwelen
  • Virbereedung an Test vun de Mikroen
  • Präsenz vu Sécherheetsagenten am Gebai
  • Beschëlderung am Agangsberäich

Beuecht wgl., datt mir wärend dem Evenement keng technesch Ënnerstëtzung ubidden. Och den Accueil vun de Gäscht, d’Promotioun vum Evenement, an d’Gestioun vun de Participanten ënnerläit Ärer Verantwortung.

Bitt Dir Remisen un?

Mir kënnen a bestëmmte Fäll e reduzéierten Tarif ubidden, besonnesch, wann d’Reservatioun vun engem staatlechen Organ oder vun engem Veräi gemaach gouf, deen eng direkt Verbindung mam Bibliothéikswiesen, dem Archivwiesen, der Museologie, der Fuerschung oder der Kultur opweise kann.

Aktualiséiert den