Manuskriptesammlung

Manuskriptesammlung

Iwwersiicht

Inhalt vun der Sammlung

D’Manuskriptesammlung ass Deel vun der allgemenger Geschicht vun der Nationalbibliothéik, déi d’Sammlunge geierft huet, déi zanter der Franséischer Revolutioun am Département des Forêts (1795–1814) opgebaut goufen.

Den eelsten Deel vum Fong ëmfaasst mëttelalterlech Manuskripter a Fragmenter aus dem 7. bis 17. Joerhonnert. Si stamen haaptsächlech aus den Abteie vun Iechternach an Orval souwéi aus Institutiounen aus der Stad Lëtzebuerg (Jesuitten, Rekollekten, Dominikaner).

Am Laf vun der Zäit gouf d’Sammlung mat méi rezente Manuskripter ergänzt. Méi wéi 500 Coten decken den Zäitraum vum zweeten Drëttel vum 17. Joerhonnert bis an d’20. Joerhonnert of. Si stamen aus Acquisitiounen, Donen oder Dépôten. De Fong reflektéiert domat souwuel d’kulturell Geschicht vu Lëtzebuerg zanter dem Ancien Régime wéi och d’Erhale- a Sammlungspraxis vun enger patrimoniale Bibliothéik.

Sichen a consultéieren

Beschreiwend Katalogen

D’Referenzressourcen variéiere jee no Hierkonft a Period vum jeeweilege Manuskript.

  • Manuskripter vun der Abtei Iechternach (virun 1629): Et gëtt recommandéiert, als éischt de gedréckte Katalog Die Echternacher Handschriften bis zum Jahr 1628 (2 Bänn) ze consultéieren. Fir Lëschten a Katalogen, déi ongeféier tëscht 1799 an 1894 zesummegestallt goufen, kuckt wannechgelift d’Säite 94 bis 104 vum éischten Deel vun dësem Katalog.
  • Manuskripter vun der Abtei Orval (virun 1629): Dir kënnt de Katalog Die Orvaler Handschriften bis zum Jahr 1628 (2 Bänn) consultéieren.
  • Mëttelalterlech Manuskripter aus anerer Hierkonft: En drëtte Katalog ass am Moment a Virbereedung. De Projet fir d’Beschreiwe vun de Manuskripter huet zu Frankfurt un der Universitätsbibliothek Johann Christian Senckenberg ugefaang a gëtt elo zu Lëtzebuerg weidergefouert.
  • Nomëttelalterlech Manuskripter (1629–1799): En Deel ass am Online-Katalog a-z.lu zougänglech, verschidden Dokumenter esou guer a komplett digitaliséierter Versioun. De Catalogue descriptif des manuscrits vum van Werveke bleift eng Referenz fir Dokumenter, déi nach net an a-z.lu erfaasst sinn.
  • Manuskripter vun 1800 bis zum 20. Joerhonnert: Fir dës Dokumenter kontaktéiert wannechgelift de lëtzebuergesche Fong.

Zougangsbedéngungen

Seelen a wäertvoll Dokumenter, wéi Manuskripter, kënne just op der Plaz a mat Rendez-vous am Rara-Liessall Dr Jean-Claude Loutsch consultéiert ginn.

En Deel vun de Manuskripter gouf digitaliséiert an ass iwwer de Portal eluxemburgensia.lu zougänglech. Eng Consultatioun op der Plaz ass fir dës Wierker nëmmen an aussergewéinleche Fäll erlaabt.

Digitaliséiert Manuskripter consultéieren

Reprographie

Dokumenter aus dëser Sammlung dierfen nëmme vun eisem Personal kopéiert ginn.

Méi iwwer d’Reprographie gewuer ginn

Aktualiséiert den