Infrastrukturen
Infrastrukturen
-
Liessall
De Liessall ass d’Häerzstéck vun der Bibliothéik. Op dräi Stäck fannt Dir 200.000 Dokumenter aus alle Wëssensberäicher, déi Iech am Fräihandberäich zur Verfügung stinn.
-
Selfservice Apparater
Entdeck eis Prêt- a Retourmaschinnen fir e schnellt an onkomplizéiert Benotzererliefnis. Eis Selfservice Apparater am Liessall an eis automatesch Ofhuelstatioun erlaben et Iech, Är Dokumenter selbststänneg auszeléinen an zréckzeginn.
-
Aarbechtsraim
Am Liessall ginn et sëllege Sëtzplaze vun der Fotell bis zum Aarbechtsdësch mat Computeren. Donieft gëtt et, op dräi Stäck verdeelt, eelef Carrels (Grupperaim), dräi Audiokabinnen an ee Museksraum.
-
Rara-Liessall
De Rara-Liessall Dr. Jean-Claude Loutsch ass um 1. Stack vum Liessall ze fannen an duerch seng markant rout Faarf liicht z’erkennen.
-
Mediathéik
An der Mediathéik sinn d’Multimedia-Dokumenter ënnerbruecht: Dokumentarfilmer a Long-Métragen, Lauschterbicher, Musek a Sproochecoursen.
-
Magaséngen
D’Magaséngen garantéieren eng laangfristeg Konservéierung vun eise Fongen.
-
Bicherbus
D’Dokumenter vum Bicherbus déngen der Weiderbildung, der Fräizäitlecture an der kultureller Beräicherung.
Aktualiséiert den