E-Books a Lauschterbicher

E-Books a Lauschterbicher

Iwwersiicht

Fräizäitlektür

Iwwer d’Plattformen Onleihe, Libby a Numilog, déi am Service ebooks.lu zesummegefouert sinn, ass eng grouss Auswiel un E-Books a Lauschterbicher disponibel. Dës Servicer bidden eng breet Pallette un Titelen an dräi Sproochen un. ebooks.lu gouf 2015 op Initiativ vum Conseil supérieur des bibliothèques an der Nationalbibliothéik gegrënnt a vereinfacht den Zougang zu dësen Online-Ressourcen.

Dir kënnt d’E-Books op Tablet, Smartphone oder E-Reader liesen.

Méi op ebooks.lu gewuer ginn

Fachliteratur

Nieft allgemengen E-Books steet och eng grouss Auswiel u wëssenschaftlecher Literatur zur Verfügung. Si deckt all Wëssensberäicher of.

Bloomsbury Law

Bloomsbury bitt iwwer Bloomsbury Collections wëssenschaftlech Inhalter an de Geeschtes- a Sozialwëssenschaften un. Den Zougang ëmfaasst ronn 2.600 Titelen am Beräich Bloomsbury Law, dorënner Publikatioune vun Hart Publishing a Verlag C.H. Beck.

Zougrëff via a-z.lu

Brill

Brill ass en hollännesche wëssenschaftleche Verlag, gegrënnt 1683. D’E-Book-Sammlung ëmfaasst ënner anerem Geschicht, Relioun, Philosophie, internationaalt Recht a Sozialwëssenschaften. 2024 ass De Gruyter Brill aus der Fusioun vun De Gruyter a Brill entstanen.

Zougrëff

Cambridge Core

Cambridge Core publizéiert eng breet palett vu Fuerschungsmonographien, akademesch Enzyklopedien, Léierbicher, Bicher fir Fachleit an eng grouss Unzuel u Bicher, déi sech u Studenten mat Héichschoulofschlooss riichten. Den Zougrëff ëmfaasst och d’Serien Cambridge Companion a Cambridge Histories.

Zougrëff via a-z.lu

O’Reilly

O’Reilly bitt technesch a geschäftlech Contenue vun iwwer 250 Verläg, weltbekannten Innovateuren a féierend Entreprisen. Dës Plattform ëmfaasst méi wéi 45.000 Buchtitelen an iwwer 30.000 Stonne Videoen, Praxisbeispiller, interaktiv Tutorials, Lauschterbicher a Videoe vu globalen Konferenzen vun O’Reilly a vun de weltwäit beschte Verläg.

Zougrëff via a-z.lu

Oxford Scholarship Online

D’Plattform Oxford Scholarship Online bitt méi wéi 19.000 E-Books aus der weltberüümter wëssenschaftlecher Offer vun Oxford University Press, déi Themen aus de Beräicher Sozial- a Naturwëssenschaften, Medezin an Droit ofdecken.

Zougrëff via a-z.lu

Wiley

Wiley ass en internationale wëssenschaftleche Verlag. D’Sammlung ëmfaasst E-Books aus de Joren 2023 bis 2025 a Fachberäicher wéi Naturwëssenschaften, Technik, Medezin a Sozialwëssenschaften.

Zougrëff via a-z.lu

Auswiel no Sprooch

Onleihe

Mat Onleihe kënnt Dir däitschsproocheg E-Books ausléinen a liesen. An der grousser Auswiel vu Romaner, a Sachbicher bis hin zu Reesguiden a Kachbicher fannt Dir genau dat wat Dir sicht.

All Titelen op Onleihe entdecken

Aktualiséiert den