Nationalbibliographie
Nationalbibliographie
Iwwersiicht
Sichen a consultéieren
Um Portal vun der Nationalbibliographie kënnt Dir d’Referenzen no Theemen entdecken oder geziilt no Titel, Auteur, Thema, Publikatiounsjoer oder Stéchwierder sichen. De Portal erlaabt et Iech och, Dokumenter ze reservéieren, entweder fir de Prêt oder fir d’Consultatioun am Liessall.
Ëmfang vun der Erfaassung
D’Nationalbibliografie erfaasst Publikatiounen, déi zu Lëtzebuerg publizéiert goufen an och déi, déi am Ausland eraus koumen an de Grand-Duché, seng Staatsbierger oder seng Awunner betreffen. Och berücksichtegt gi Publikatioune vu Lëtzebuerger Auteuren a vun Auteuren déi eng Verbindung mam Grand-Duché hunn.
Bestëmmten Dokumenter ginn net berücksichtegt, notamment:
- Reklammematerial ouni dokumentaresche Wäert;
- Programmhefter vu Veranstaltungen ouni substantiellen Inhalt;
- Wierker vu flüchtegem Wäert (Telefonsbicher, Stonnepläng, Präislëschten, asw.);
- Postkaarten;
- Publikatioune vun Institutioune vun der Europäescher Unioun, wann se net spezifesch Lëtzebuerg betreffen.
Relevant Theemen
Iwwer d’Nationalbibliographie
Déi éischt Editioun vun der Lëtzebuerger Nationalbibliographie koum 1946 eraus (fir d’Beriichtungszäit vum 10. September 1944 bis den 31. Dezember 1945). Duerno gouf se all Joer publizéiert bis 2005 (Referenzjoer 2004), wou d’Nationalbibliothéik d’Verëffentlechung vun der Pabeierversioun zugonschte vun enger digitaler Versioun, déi online zougänglech ass a stänneg aktualiséiert gëtt, gestoppt huet.
Déi aktuell Nationalbibliographie, déi online zougänglech ass, enthält déi Lëtzebuerger Publikatiounen, déi zënter 1985 an d’Nationalbibliothéik erakomm sinn. Publikatioune vu virun dësem Datum gi no an no bäigefüügt fir dës wichteg Sammlung ze ergänzen.
Aktualiséiert den