Aarbechtsraim
Aarbechtsraim
Iwwersiicht
Relevant Theemen
Oft gestallte Froen
Muss ech ageschriwwe sinn fir en Aarbechtsraum ze reservéieren?
Jo, Dir musst an der Nationalbibliothéik ageschriwwen sinn. Fir Iech op booker.bnl.lu anzeloggen, musst Dir d’Nummer vun Ärer Bibliothéikskaart an Äert Passwuert aginn.
Kascht d’Reservatioun eppes?
Nee, d’Reservatioun vun engem Aarbechtsraum ass e gratis Service vun der Nationalbibliothéik.
Wéi vill Deeg am Viraus kann ech en Aarbechtsraum reservéieren?
Dir kënnt en Aaarbechtsraum fir de selwechten Dag oder bis zu 7 Deeg am Viraus reservéieren.
Ginn et deeglech oder wéchentlech Limitte fir d’Reservatioun?
Jo, Reservatiounen si limitéiert op maximal 2 Stonnen den Dag a 4 Reservatioune pro Woch.
Wéi annuléieren ech meng Reservatioun?
Gitt op booker.bnl.lu, loggt Iech an a klickt op „Mein Konto“ uewe riets op der Säit. Är Reservatioune ginn ugewisen. Klickt op d’Kräiz nieft der Reservatioun, déi Dir annuléiere wëllt. Bestätegt dann Är Annulatioun.
Dierf ech mäi Kand matbréngen?
D’Nationalbibliothéik huet eng Salle familiale an där Eltere mat hire Kanner schaffe kënnen. D’Elteren oder d’Begleetpersoune si fir d’Verhalen, d’Sécherheet an d’Opsiicht vun hire Kanner, wärend dës sech an de Raimlechkeete vun der BnL ophalen, responsabel. D’BnL iwwerhëlt keng Verantwortung fir Accidenter.
D’Salle familiale ass just fir Persoune mat Kand reservéiert (max. 2 Erwuessener an hir Kanner ënner 12 Joer). Eng Reservatioun ass net noutwenneg.
Aktualiséiert den