Liessall
Liessall
Iwwersiicht
Reegelen am Liesesall
Net erlaabt
- Rucksäck, Wallissen, Sacochen an aner Poschen
- Mäntel, Jacketten, Reejacketten, Helmer an aner voluminéis Kleedung
- Weenercher, Kannerkutschen a Poussetten
- Laut Gespréicher oder Telefonater
- Iessen a Gedrénks (ausser Waasser)
- Net transparent Fläschen an Thermosfläschen
- Dëscher a Still réckelen
- Computeren, Scanneren, Imprimanten, Kabelen oder aner Equipementer verréckelen oder lass maachen
Erlaabt
- Stëfter, Notizbicher a Schachtelen
- Laptoppen, Tabletten an Handyen (op lautlos)
- Eng kleng transparent Waasserfläsch
- Net voluminéis Kleedung wéi Sakkoen, Overshirts, Pulloveren, Hitt a Schaler
Relevant Theemen
Thematesch Klassifikatioun
000 Informatik a Buchwëssenschaften
Am Beräich 000 um 3. Stack fannt Dir Bicher iwwer folgend Disziplinnen: Informatik, Informatiounswëssenschaft, Medien, Bibliothéikswiesen an allgemeng Enzyklopedien.
100 Philosophie a Psychologie
De Beräich 100 um 3. Stack ëmfaasst Wierker aus dem Beräich Philosophie, vun der Antikitéit bis haut. Hei fannt Dir ënner anerem d’Themen Metaphysik, Logik an Ethik. D’Psychologie gehéiert och zu der Dewey-Klass 100. D‘Psychiatrie, déi mam Gebitt vun der Medezin verbonnen ass, gëtt dogéint am Beräich 600 referenzéiert.
200 Relioun
Am Beräich 200 um 3. Stack fannt Dir Bicher iwwer Reliounen a Publikatiounen iwwer Reliounstheorie a -geschicht.
300 Sozialwëssenschaften
Um 3. Stack sinn d’Sozialwëssenschafte referenzéiert no de verschiddenen Disziplinne wéi Soziologie an Anthropologie, politesch Wëssenschaften, Statistik, Ekonomie oder Droit. D’Pedagogik gehéiert och zu dësem Beräich.
400 Sproochen
De Beräich 400 ass um 3. Stack. Hei fannt Dir Bicher an Zäitschrëften iwwer Sproochen a Linguistik.
500 Wëssenschaften a Mathematik
Am 3. Stack sinn d’Wëssenschaften no verschiddenen Disziplinnen, wéi Mathematik, Astronomie, Physik, Chimie, Naturwëssenschaften oder Biologie an Zoologie, opgestallt. Bicher iwwer Psychiatrie, Chirurgie oder Pathologie fënnt een am Beräich 600 (Technologien).
600 Technologien
Am Beräich 600 um 3. Stack sinn déi ugewannte Wëssenschaften ze fannen. En enthält d’Themegebidder Medezin, Ingenieurswiesen, Landwirtschaft, Gestioun, Chemieingenieurswiesen, Metallurgie a Biotechnologie, Bauwiesen an och Hauswirtschaft mat der Ënnerkategorie Kachkonscht.
700 Konscht, Fräizäit an Erhuelung
Um 2. Stack fannt Dir an dësem Beräich Publikatiounen iwwer Molerei, Musek, duerstellend Konscht, Fotografie, Grafik an Dekoratiounskonscht, souwéi Architektur an Urbanismus. Um Rez-de-Chaussée fannt Dir och an der Dewey Klass 700 Bicher iwwer Sport a Fräizäit.
800 Literatur a Rethorik
Dëse Beräich läit um 3. Stack nieft der 400 Sproochen-Sektioun. Hei fannt Dir ënner anerem Wierker aus der englescher, franséischer, lëtzebuergescher an däitscher Literatur.
900 Geschicht a Geographie
Dëse Beräich ass um 3. Stack. D’Geographiesektioun gëtt no Kontinent an dann no Land referenzéiert, Lëtzebuerg fannt Dir ënnert der Kategorie 914.9. An der Rubrik Geschicht fannt Dir Wierker iwwer Genealogie, allgemeng Biographien,Publikatiounen iwwert d’Geschicht vun der Antik a vum Mëttelalter bis haut.
Bicher iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht fannt Dir an der Kategorie 949.
Aktualiséiert den