Tipps fir Är éischt Visitt

Tipps fir Är éischt Visitt

Iwwersiicht

Virun Ärer Visitt

D’Adress vun der Nationalbibliothéik ass 37D avenue John F. Kennedy zu Lëtzbuerg-Kierchbierg. Si ass einfach iwwert den ëffentlechen Transport oder mam Vëlo erreechbar. Et gëtt och en ënnerierdesche Parking.

Dir kënnt d’Bibliothéik gratis an ouni Aschreiwung besichen. Fir Dokumenter op der Plaz ze consultéieren, de Liessall ze benotzen oder Iech mat eisem Wi-Fi ze verbannen, braucht Dir keng Bibliothéikskaart.

Kuckt eis Ëffnungszäite virun Ärer Visitt no. D’Bibliothéik ass vu Méindes bis Samschdes op, mee op Feierdeeg zou. D’Ëffnungszäite vun de verschiddene Servicer oder Beräicher am Gebai kënnen ënnerschiddlech sinn.

Méi gewuer ginn

De Liessall entdecken

Eise Liessall bitt roueg Plazen, fir ze studéieren, ze schaffen an Dokumenter ze consultéieren. Dir kënnt mat Ärem eegene Laptop schaffen an Iech mat eisem Wi-Fi verbannen. Et stinn och Aarbechtsplazen a Steckdousen zur Verfügung.

Ier Dir an de Liessall gitt, leet wgl. Är Mäntel, Poschen a grouss Géigestänn an d’Casieren. Esou hëlleft Dir, en angeneemt Aarbechtsëmfeld fir jiddereen ze erhalen. Iessen a Gedrénks sinn am Liessall net erlaabt, mat Ausnam vu Waasser.

E Plang vum Liessall kucken

Sammlungen a Servicer

Wat Dir consultéiere kënnt

D’Nationalbibliothéik bitt Zougang zu gedréckten an digitale Ressourcen, dorënner Bicher, Zeitungen, Periodiquen, Datebanken a digitaliséiert Sammlungen. Eis Fongen decken eng grouss Villfalt u Sujeten a Formater of.

Fir op eis digital Medien zouzegräifen, braucht Dir eng gëlteg Aschreiwung an Dir musst zu Lëtzebuerg oder an de Grenzregioune wunnen.

Eng Fuerschungs- a Patrimonialbibliothéik

D’Nationalbibliothéik ass eng Fuerschungs- a Patrimonialbibliothéik. Si huet kee Kannerrayon, an hir Sammlungen a Servicer riichten sech u Persounen ab 14 Joer.

Dokumenter consultéieren an ausléinen

Vill Dokumenter stinn direkt an de Regaler zur Verfügung a kënnen op der Plaz consultéiert ginn. Aner Dokumenter ginn an de Magasénge versuergt a musse mat enger Bibliothéikskaart bestallt ginn.

Eng Bibliothéikskaart gëtt och gebraucht, fir Dokumenter auszeléinen, d’Computere vun der Bibliothéik ze benotzen, en Aarbechtsraum ze reservéieren, Dokumenter ze drécken oder ze scannen an op verschidde Servicer zouzegräifen.

Dir kënnt eis Sammlungen iwwer den Online-Katalog a-z.lu recherchéieren a no Dokumenter sichen.

Méi iwwert de Prêt Méi iwwert a-z.lu

Oft gestallte Froen

Ass d’Nationalbibliothéik just fir Persounen geduecht, déi studéieren oder fuerschen?

Nee. D’Nationalbibliothéik ass fir all Persoun ab 14 Joer op. Dir musst weder Fuerschung bedreiwen nach zu enger akademescher Institutioun gehéieren, fir eis Raimlechkeeten ze benotzen, Dokumenter ze consultéieren oder eis Servicer an Usproch ze huelen.

Eis Sammlungen decken eng grouss Villfalt u Sujeten a Formater of, dorënner Bicher, Periodiquen, audiovisuell Medien, Datebanke souwéi digital an digitaliséiert Ressourcen.

Kann ech Dokumenter direkt aus de Regaler huelen?

Verschidden Dokumenter stinn direkt am Liessall zur Verfügung. Vill vun eisen Dokumenter ginn awer an de Magasénge versuergt a mussen am Viraus bestallt ginn. Mir roden Iech, virun Ärem Besuch eise Katalog a-z.lu ze consultéieren, fir déi néideg Dokumenter ze fannen.

Méi iwwert de Prêt Méi iwwert a-z.lu

A wéi enge Sprooche sinn d’Dokumenter verfügbar?

D’Sammlunge vun der Nationalbibliothéik si méisproocheg an decken eng grouss Villfalt u Sujeten of. Déi meescht Dokumenter ginn op Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch ugeschaaft. Dir fannt och vill Dokumenter op Englesch souwéi eenzel Publikatiounen an anere Sproochen.

Kann ech mat Kanner kommen?

D’Nationalbibliothéik empfänkt Persounen ab 14 Joer. Als Fuerschungs- a Patrimonialbibliothéik huet si keng Sektioun fir Kannerliteratur. Fir Kannerbicher an Aktivitéite fir déi jonk sinn ëffentlech Bibliothéiken déi besser Plaz.

Fir Persounen, déi mat Kanner d’Bibliothéik besichen, steet eng Salle familiale zur Verfügung. D’Kanner bleiwen zu all Moment ënnert der Verantwortung an der Opsiicht vun den Erwuessenen, déi si begleeden.

Kann ech e Gruppenaarbechtsraum reservéieren?

Jo. D’Nationalbibliothéik huet e puer Gruppenaarbechtsraim, déi gratis reservéiert kënne ginn. Dir musst dofir eng gëlteg Aschreiwung an der Bibliothéik hunn.

Méi iwwert d’Aarbechtsraim

Aktualiséiert den