Mediathéik

Mediathéik

D’Mediathéik ass um 2. Stack vum Liessall. Hei sinn d’Multimedia-Dokumenter ënnerbruecht: Dokumentarfilmer a Long-Métragen, Lauschterbicher, Musek a Sproochecoursen. De Bestand vun der Mediathéik enthält iwwer 19.000 audiovisuell Dokumenter, 2.400 Lauschterbicher grad ewéi 920 Sproochecoursen an iwwer 80 Sproochen.

Digital Ressourcen

D’Nationalbibliothéik bitt hire Lieser ëmmer méi digital Dokumenter.

Infrastrukturen

An der Mediathéik ginn et e puer Aarbechtsplaze mat an ouni Computeren, e puer Sëtzméiglechkeeten, e Carrel an dräi Audiokabinnen. Fir dass all d’Dokumenter vun der Mediathéik op der Plaz consultéiert kënne ginn, stellt Iech d’Nationalbibliothéik och déi néideg Apparater zur Verfügung. Mat Ärer Bibliothéikskaart kënnt Dir am Automat bei der Entrée vun der Mediathéik och Kopfhörer ausléinen.

Aktualiséiert den