Rara-Liessall

Rara-Liessall

De Rara-Liessall Dr. Jean-Claude Loutsch ass um 1. Stack vum Liessall ze fannen an duerch seng markant rout Faarf liicht z’erkennen. Dëse Raum ass fir Benotzer reservéiert, déi déi speziell Sammlunge consultéiere wëllen, d. h. wäertvoll, fragil a seelen Dokumenter. Dir fannt hei och e Choix u Referenzwierker, déi Iech bei Ärer spezifescher Recherche hëllefen.

Dr. Jean-Claude Loutsch

De Rara-Liessall gouf nom Dr. Jean-Claude Loutsch (1932-2002). Nom sengem Medezinstudium an der Spezialisatioun an der Ophtalmologie zu Paräis, huet de Jean-Claude Loutsch 1964 seng Praxis zu Lëtzebuerg opgemaach. Hien huet sech schonn am jonken Alter fir d’Heraldik, Genealogie, Geschicht a Molerei interesséiert an huet zu Paräis zu engem Krees vun Heraldiker gehéiert, dee sech ronderëm de Paul Adam-Even gegrënnt huet an deen e wichtege Mentor fir de jonke Fuerscher an heraldesche Moler gouf.

Tëscht 1980 an 2001 war de Jean-Claude Loutsch President vun der International Academy of Heraldry, zu där hien zënter 1964 gehéiert huet. Den Dr. Jean-Claude Loutsch war en äiferegen an erfuerene Sammler, deen 1974 den Armorial du pays de Luxembourg publizéiert an duerch Artikelen a Virträg vill zur heraldescher Fuerschung bäigedroen huet.

Nom Doud vum Dr. Jean-Claude Loutsch huet seng Fra Josannette Loutsch-Weydert der BnL d’Bibliothéik vun hirem verstuerwene Mann geschenkt. Dësen exzeptionnellen Don vun enormem patrimoniale Wäert huet d’Kollektioune vun der BnL beräichert, e.a. duerch 51 Manuskripter, wouvunner dräi viru 1500 entstane sinn.

Aktualiséiert