Fachzäitschrëften

Fachzäitschrëften

Als Wëssenschafts- a Fuerschungsbibliothéik huet d’National­bibliothéik den Usproch vun enger Fachbibliothéik, wat sech och an hirer digitaler Offer erëmspigelt. Zum breede Spektrum u physeschen Dokumenter bitt si och ënner anerem e puer dausend digital Fachzeitungen a -zäitschrëften un, op déi een iwwer a-z.lu gratis zougräife kann.

Ekonomie

Business Source Complete

Business Source Complete enthält d’Volltexter vun iwwer 3.800 ekonomesche Fachzäit­schrëften, dorënner 2.000 vun Experte kontrolléiert Titelen. D’Datebank deckt all Theme­beräicher vun der Ekonomie of an enthält d’Zäitschrëften Revue Banque an Harvard Business Review esou wéi och aner Volltexter.

Zougrëff via a-z.lu

ProQuest One Business

ProQuest One Business enthält iwwer 2.400 Zäitschrëften a Revuen, e puer dausend Noriichtequellen, dausende vun E-Books a Videoen an honnertdausende vu Rapporte vu J.P. Morgan, Hoovers, BMI Research, EIU, Plunkett Research an aneren. Zu der Offer gehéieren och de Wall Street Journal, d’Financial Times an The Economist.

Zougrëff via a-z.lu

Chimie a Physik

American Chemical Society (ACS)

D’American Chemical Society (ACS) ass e Leader fir den Zougrëff un Informatiounen am Beräich Chimie a Fuerschung unhand vun Zäitschrëften, déi vun Experte gepréift goufen. D’Fuerschungsresultater vun Nobelpräisdréier an der Chimie a Medezin goufen an den Zäitschrëften an den E-Books vun ACS Publications verëffentlecht. Chemical Reviews an ACS Energy Letter si Beispiller fir d‘Offer un Zäitschrëften.

Zougrëff via a-z.lu

American Physical Society (APS)

D’Publikatioune vun der American Physical Society (APS) versuergen d’international Physikscommunautéit mat vun Experte gepréifte Fachzäitschrëften, Noriichten a Commentairen zu neiste Fuerschungsresultater, déi an der Physical Review-Zäitschrëfte­sammlung verëffentlecht ginn. Si ëmfaasst den Zougrëff op 17 féierend, vun Experte gepréifte Fuerschungs­zäitschrëfte wéi Physical Review Letters, Physical Review X, Physical Review a Reviews of Modern Physics.

Zougrëff via a-z.lu

Medezin

Elsevier ScienceDirect a Springer Journals bidde wichteg Ressourcen zum Thema Medezin. Elsevier ScenceDirect bitt Zougrëff op Zäitschrëfte wéi The Lancet, Cell oder Immunity an deckt Fuerschung an de Beräicher Wëssenschaft, Technologie, Medezin a Sozialwëssenschaften of.

Springer ass e globaalt wëssenschaftlecht, technescht a medezinescht Portfolio, dat Fuerscher an Héichschoulen, wëssenschaftlechen Institutiounen a Fuerschungs- an Entwécklungs­departementer vun Entreprisen héich qualitativ Contenuen a Form vun innovativen Informatiounen, Produiten a Servicer bitt, wéi z. B. d’Zäitschrëften Der Nervenarzt a Psychotherapeut.

Zougrëff op Elsevier ScienceDirect Zougrëff op Springer Journals

Naturwëssenschaften

Nature Journals Portfolio

D’Nature Journals Portfolio bitt Zougrëff op eng Rei Fachzäitschrëften, déi an de Beräicher Biowëssenschaften, Physik, Klinik a Sozialwëssenschafte bekannt sinn, wéi Nature, Nature Reviews Molecular Cell Biology, Nature Biotechnology oder Nature Medicine.

Zougrëff via a-z.lu

Science (American Association for the Advancement of Science)

Science steet säit senger Grënnung am Joer 1880 – mat Startkapital vum Thomas Edison – am Zentrum vu wichtege wëssenschaftlechen Entdeckungen. Och haut verëffentlecht Science Artikelen, déi reegelméisseg zu deene meescht zitéierten op der Welt gehéieren.

Zougrëff via a-z.lu

Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America (PNAS)

Proceedings of the National Academy of Sciences (PNAS) ass eng vun deene weltwäit am meeschten zitéierte multidisziplinäre Fachzäit­schrëften, an der am Joer méi wéi 3.500 Fuerschungs­aarbechten aus de Beräicher Biologie, Physik a Sozial­wëssenschafte verëffentlecht ginn.

Zougrëff via a-z.lu

Sozialwëssenschaften

Cairn

Cairn bitt Iech Zougrëff op iwwer 500 franséisch­sproocheg Fuerschungs- an Diskussiouns­zäitschrëften aus de Beräicher Ekonomie, Management, Droit, Geschicht, Geographie, Literatur, Linguistik, Psychologie, Pedagogik, Politik­wëssenschaft, Soziologie a Gesellschaft, Sport, Philosophie an Informatiouns­wëssenschaft, wéi z. B. Gestion (Revue Internationale de Gestion) an Esprit.

Doriwwer eraus bitt Cairn och E-Books (Bicher, Täschenenzyklopedien) un.

Zougrëff via a-z.lu

JSTOR Journals

Mat JSTOR hutt Dir Zougrëff op vun Experte gepréifte Fachzäitschrëften a renomméiert Literaturzäitschrëfte wéi Econometrica an The German Quarterly esou wéi och zu de Sammlungen „Arts & Sciences I, II, IV“, „Language & Literature“ an „Mathematics & Statistics“.

Zougrëff via a-z.lu

Cambridge University Press Journals

D’Cambridge University Press verëffentlech méi wéi 420 vun Experte gepréifte Fach­zäitschrëften zu Themen aus den Natur- a Sozial­wëssen­schaften, Technologie a Medezin. Nieft Zäitschrëfte wéi Bilingualism: Language and Cognition a Political Analysis kënnt Dir och op E-Books a Léierbicher zougräifen, déi vu Cambridge University Press publizéiert ginn.

Zougrëff via a-z.lu

Aktualiséiert den