Prêt a Consultatioun
Prêt a Consultatioun
Prêt
Dokumenter am Liessall
Am Liessall hutt Dir fräien Zougang zu Bicher, Zäitschrëften, Zeitungen, Filmer a CDen. Dir kënnt dës Medien aus de Regaler huelen, op der Plaz consultéieren a jee nodeem och ausléinen. Dokumenter, déi net ausgeléint kënne ginn, si mat enger rouder Sträif gekennzeechent.
Automatesch Prêt-/Retourmaschinne fannt Dir op all Stack. Si erlaben et Iech Äre Prêt selwer ze registréieren. D’Dokumenter aus dem Liessall kënnen net online iwwer a-z.lu reservéiert ginn.
Dokumenter an de Magaséngen
D’Nationalbibliothéik versuergt eng grouss Sammlung an hire Magaséngen. Dës Publikatioune kënnen iwwer de Portal a-z.lu gesicht a reservéiert ginn. Dir musst Iech aloggen, fir en Dokument ze reservéieren.
Beaarbechtungszäiten
D’Reservatioune si meeschtens bannent 2 Stonnen no der Bestellung disponibel. Gesammelt Zeitungsbänn sinn iwwerdeems réischt um nächste Schaffdag no der Bestellung disponibel, dëst spéitstens um 15 Auer vun dënschdes bis freides, an um 12 Auer um Samschdeg.
Dokumenter siche kommen
Esou bal wéi Är Dokumenter fir Iech prett leien, gitt Dir per E-Mail informéiert. Dir kënnt se dann am Guichet vum Prêt wärend den Ëffnungszäiten ofhuelen. Mir leeë reservéiert Dokumenter fir 7 Deeg fir Iech op d’Säit. Duerno ginn se nees zréck an d’Magasénge bruecht.
Verschidden Dokumenter kënnen no viregter Reservatioun och un der automatescher Ofhuelstatioun um Parvis vun der Bibliothéik ofgeholl ginn.
Consultatioun am Liessall
Dokumenter am Liessall
All d’Dokumenter aus dem Liessall kënnen och ouni Bibliothéikskaart op der Plaz consultéiert ginn. Verschidden Dokumenter si vum Prêt ausgeschloss. Si hunn eng wäiss Etikett mat enger roude Sträif.
Seelen oder wäertvoll Dokumenter
Seelen oder wäertvoll Dokumenter aus de Spezialsammlunge vun der BnL kënnen net mat heem geholl ginn. Dir kënnt se awer iwwer a-z.lu oder op schrëftlech Ufro bei de jeeweilegen Departementer reservéieren an an eisem Rara-Liessall um 1. Stack consultéieren. Eist Fachpersonal kann Iech beim richtegen Ëmgang mat dëse wäertvollen Dokumenter behëlleflech sinn.
Mikroformen
D’Nationalbibliothéik huet Apparater fir d’Consultatioun vu Mikroformen, z.B. vu mikrofilméierten Zeitungen oder Bicher op Mikrofichen. Dir musst Är Mikrofilmer iwwer a-z.lu reservéieren an se am Guichet vum Prêt ofhuelen. Ee Member vun der BnL-Ekipp kann Iech bei de Prozeduren hëllefen.
Déi meescht Zeitungen, déi op Mikrofilm verfügbar sinn, kënnen aus Konservatiounsgrënn net méi am gedréckte Format consultéiert ginn. Net dovu betraff si Luxemburger Wort, Tageblatt, Républicain Lorrain, Lëtzebuerger Journal an Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Gesammelt Zeitungsbänn sinn um nächste Schaffdag no der Bestellung disponibel, dëst spéitstens um 15 Auer vun dënschdes bis freides, an um 12 Auer um Samschdeg.
Oft gestallte Froen
Wat geschitt wann d’Dokument dat ech siche scho vun enger anerer Persoun reservéiert ass?
Dir kënnt et trotzdeem iwwer Äre Kont op a-z.lu reservéieren. Är Demande kënnt op eng Waardelëscht. Soubal d’Dokument disponibel ass, kritt Dir per E-Mail Bescheed gesot.
Wat maachen ech wann ech en Dokument net op a-z.lu fannen?
Dir kënnt d’Schreifweis kontrolléieren, alternativ Titelen oder Sichbegrëffer ausprobéieren oder Är Sichkrittären erweideren. Wann Dir et nach ëmmer net fannt, hëlleft Iech eise Renseignement um Rez-de-chaussée vum Liessall gäre weider.
Wéi erkennen ech ob en Dokument ausgeléint oder just am Liessall consultéiert ka ginn?
Dës Informatioun fannt Dir am Katalog a-z.lu an och um Dokument selwer. Am Liessall sinn Dokumenter, déi net ausgeléint kënne ginn, mat enger rouder Sträif markéiert.
Fale Käschten un, wann ech e Prêt ze spéit zréck bréngen?
Jo. Wann d’Dauer vum Prêt iwwerschratt gëtt, kënnen, wéi am aktuelle Reglement festgeluecht, Käschten ufalen. Dozou kënne Verspéidungskäschten an Héicht vun 10 €, esou wéi d’Käschte fir d’Ersetze vum Dokument an en net rembourséierbare Pauschalbetrag vu 25 € gehéieren. Iwwerdeems kann de Benotzerkonto gespaart ginn, bis datt d’Situatioun gereegelt ass.
Aktualiséiert den