Benotzungsreglement a Reegelungen zum Prêt

Benotzungsreglement a Reegelungen zum Prêt

1. Zougang a Behuelen

1.1. Allgemeng Bestëmmungen

Bei der Umeldung gëtt de Benotzer eng E-Mail-Adress un, op déi en e Link fir d’Zerécksetzen vum Passwuert vum Lieserkonto geschéckt kritt. D’Umeldung, d’Benotzung vun Dokumenter an der BnL an d’Ausléine si gratis. Mat der Umeldung kritt de Benotzer Zougang zu de verschiddene Servicer vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Bibliothèque nationale du Luxembourg, BnL). D’Ausléine vun Dokumenter an den Accès op digital Ressourcen si Persoune virbehalen, déi mindestens 14 Joer al sinn an hire Wunnuert zu Lëtzebuerg oder an den ugrenzende Regiounen hunn. All Ännerung vun der Post- oder E-Mail-Adress muss der BnL direkt gemellt ginn.

D’Benotzer an d’Visiteure musse sech strikt un d’Uweisunge vum Personal halen.

D’Benotzer an d’Visiteuren dierfe sech just an deene Beräicher ophalen, déi fir de Public virgesi sinn.

Déiere si weeder am Foyer nach am Liessall erlaabt, mat Ausnam vun Assistenzhënn. Et ass verbueden, an der BnL mat Rollschong, Inlineskates oder anerem Ekipement mat Rieder ze fueren.

Am Liessall muss et roueg sinn.

Handye mussen op „lautlos“ gestallt ginn. Am Liessall stinn Telefonskabinnen zur Verfügung.

Well d'BnL eng Patrimonialbibliothéik ass, an der seelen, eenzegaarteg a wäertvoll Dokumenter op der Plaz consultéiert kënne ginn, ass den Konsum vun Iessen a Gedrénks am Liessall, an de Carrels, an den Audiokabinnen an am Museksraum verbueden. Am BnL’s Café an am Foyer ass et erlaabt, eppes ze iessen an ze drénken. Waasserfläschen sinn am Liessall erlaabt, dëst ënnert der Konditioun, datt se duerchsiichteg sinn an eng maximal Kapazitéit vu 500 ml hunn.

Et ass verbueden, ze fluchen oder sech anerwäerteg respektlos ze behuelen. Persounen, déi ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Droge stinn, dierfe sech net am Gebai ophalen. Ausserhalb vum BnL’s Café ass de Konsum vun Alkohol verbueden.

D’Benotzer uecht op eng Kierperhygiène, déi aner Benotzer net belästegt.

Et ass verbueden, d’BnL, hir Servicer an Ariichtunge fir aner Zwecker ze benotzen ewéi déi, déi hiren Aufgaben a Responsabilitéiten entspriechen.

D’BnL kann d’Bibliothéikskaart vu Benotzer, déi géint dëst Benotzungsreglement verstoussen, nees anzéien. Den Openthalt am Liessall kann dëse Persoune verwiert ginn.

Am Fall vu Verloscht vun der Bibliothéikskaart, kann eng nei Kaart fir 5 EUR ausgestallt ginn.

Wann de Benotzer seng Bibliothéiksmemberschaft kënnege wëll, gëtt him de Montant, deen op senger Bibliothéikskaart disponibel ass, op schrëftlech Ufro rembourséiert.

D’Memberschaft an der BnL ka vun der Institutioun selwer an de folgende Fäll zréckgezu ginn: wann dem Benotzer seng perséinlech Donnéeë musse geläscht ginn, well d’Umeldung, déi fir en Zäitraum vun 2 Joer gülteg ass, net verlängert gouf, oder wann de Benotzer géint d’Bestëmmunge vum interne Reglement verstéisst. An dëse Fäll gëtt de Benotzer informéiert iwwert de Betrag, dee nach op senger Bibliothéikskaart opsteet. Wann innerhalb vun 30 Deeg kee Remboursement ugefrot gëtt oder wann et wéinst vereelzte Kontaktdaten net méiglech ass, de Benotzer ze kontaktéieren, gëtt deen op der Bibliothéikskaart disponible Montant fir d’Restauratioun vun Dokumenter aus de Fonge vun der BnL benotzt. 

1.2. Casen

D’Benotzung vun de Casen ass obligatoresch. Fir an de Liessall eragelooss ze ginn, muss de Benotzer seng Posch a seng Jackett gradewéi aner gréisser Objeten ewéi Helmer, Prabbelien, Laptopposchen, Dokumentemappen a -sacochen, Akafsweenercher, Wallissen, Museksinstrumenter, Kannerkutschen oder Poussetten (ausser Porte-Beebeeën) oder anert ze grousst Gezei virdrun an de Casen aspären. D’BnL behält sech d’Recht vir, zu all Moment méi restriktiv Moossnamen op Decisioun vun der Direktioun anzeféieren.

Am Fall, wou net genuch Casen zur Verfügung stinn, kann eng Ausnam vun de Reegelen hei driwwer gemaach ginn. Aus Sécherheetsgrënn ka verlaangt ginn, dass de Benotzer eng Posch, déi hien an de Liessall mathuele wëll, opmécht.

Nodeems d’Bibliothéik zougemaach huet, ginn all d’zoue Casen eidel gemaach. D’Personal vun der BnL an d’Sécherheetspersonal iwwerhuele keng Responsabilitéit fir Géigestänn, déi beim Eidelmaache vun de Casë beschiedegt oder verluer ginn. Wäertvoll Géigestänn, déi no zwou Wochen net ofgeholl goufen, ginn an de Fundbüro vun der lëtzebuergescher Police bruecht.

D’Benotzer si gebieden, op hir perséinlech Géigestänn (ewéi de Portmonni, de Laptop, Notten a Bicher aus dem Cours oder d’Bibliothéikskaart), déi net an enger Case deponéiert ginn, gutt opzepassen. D’BnL haft net fir de Fall, wou se geklaut ginn.

1.3.  Carrels, Audiokabinnen a Museksraum

De Benotzer stinn eelef Carrels, dräi Audiokabinnen an e Museksraum zur Verfügung. Dës Aarbechtsraim si wärend den Ëffnungszäite vum Liessall op. All Benotzer, deen eng gülteg Bibliothéikskaart huet, ka se reservéieren.

D’Carrels si just fir Gruppenaarbechte virgesinn. En eenzele Benotzer kann e Carrel net eleng benotzen. Fir dass d’Online-Reservatioun gülteg ass, mussen d’Carrels fir zwou oder véier Persoune vu mindestens zwou Persounen an d’Carrels fir sechs Persoune vu mindestens dräi Persoune benotzt ginn. Aus Sécherheetsgrënn a fir en agreabelt Klima am Carrel ass d'Maximalzuel vu Persounen op d’Zuel vun de Still limitéiert a gëtt vun der BnL bannen am Carrel ugewisen.

D’Consultatioun vun den Dokumenter, déi am Liessall fräi zougänglech sinn, a vun den Dokumenter aus de Magaséngen ass erlaabt, mat Ausnam vun Dokumenter, déi am Rara-Liessall Dr. Jean-Claude Loutsch benotzt musse ginn. D’Lieser si gebieden, d’Wierker no der Benotzung op e Weenchen am Liessall ze leeën.

D’Audiokabinne si fir d’Benotzung vu Sproochecoursen an Toundokumenter (Musek an Hörbicher) virgesinn. Just eng Persoun dierf sech an hinnen ophalen.

De Museksraum ass fir d’Consultatioun an d’Ofspille vu Musekspartituren um Piano reservéiert. D’Benotzung vun anere Museksinstrumenter ass net erlaabt. Am Museksraum dierfe sech maximal zwou Persounen ophalen.

D’Aarbechtsraim kënnen online iwwer den Internetsite booker.bnl.lu reservéiert ginn. Eng Reservatioun ka stornéiert ginn.

All Benotzer kann d’Raimlechkeete fir Tranchen vun 30 Minutte reservéieren:

  • fir dee selwechten Dag a bis zu 7 Deeg am Viraus
  • fir maximal 2 Stonne pro Dag
  • maximal 4 Reservatioune pro Woch.

Am Fall, wou de Benotzer wéi ewéi 15 Minutte Verspéidung huet, behält sech d’BnL d’Recht vir, d’Reservatioun ze stornéieren an de Raum fir aner Benotzer fräizeginn.

De Benotzer, deen de Raum reservéiert huet, ass wärend der ganzer Reservatiounszäit fir d’Uerdnung am Raum responsabel. Hie suergt dofir, dass hien an aner Persoune sech uerdentlech behuelen an dass op d’Material, dat him zur Verfügung steet, opgepasst gëtt.

D’BnL behält sech d’Recht vir, d’Raim wärend der Benotzung duerch e Mataarbechter vun der BnL oder vum Sécherheetsdéngscht, dee vun der BnL beoptraagt ginn ass, ze kontrolléieren.

1.4.  Salle familiale

Um 3. Stack gëtt et eng Salle familiale, an där Benotzer mat Kanner punktuell Recherchë maachen an an der BnL schaffe kënnen. D’Elteren oder d’Begleetpersounen si fir d’Verhalen, d’Sécherheet an d’Opsiicht vun hire Kanner, wärend dës sech an de Raimlechkeete vun der BnL ophalen, responsabel.

2. AUSLÉINEN A CONSULTATIOUN AN DER BNL

D’Benotzer kënne bis zu 35 physesch Dokumenter gläichzäiteg ausléinen. Gedréckte Dokumenter, Atlassen a Sproochebicher kënne bis zu 28 Deeg ausgeléint ginn; Audio- an audiovisuell Dokumenter kënne bis zu 14 Deeg ausgeléint ginn. Wann dat ausgeléintent Dokument net vun engem anere Lieser reservéiert gouf, gëtt d’Dauer vum Prêt automatesch verlängert. De Benotzer huet iwwerdeems och d’Méiglechkeet, de Prêt selwer bis zu 56 Deeg (oder 28 Deeg fir kuerzfristeg Prêten) iwwer a-z.lu oder um Prêt Guichet ze verlängeren.

2.1. Liessall

Fir d’Consultatioun vun Dokumenter, déi am Liessall fräi zougänglech sinn, brauch ee keng Bibliothéikskaart. D’Benotzer si gebieden, d’Bicher net selwer an d’Regaler zeréckzestellen, mee se op ee vun de Weenercher am Liessall ze leeën.

D’Dokumenter aus dem Liessall kënnen net reservéiert ginn, ausser am Fall wou si schonn vun engem aneren Lieser ausgeléint sinn.

Et ass verbueden, Dokumenter vun all Zort, déi am Besëtz vun der BnL sinn, aus de Liesberäicher mat erauszehuelen. Dëst gëllt net fir Wierker, déi am Guichet oder bei den Ausléinterminals ausgeléint goufen. Beim Ausléinen an Zeréckbrénge vun Dokumenter muss de Benotzer seng perséinlech Bibliothéikskaart weisen. Ausser an Ausnamefäll gi keng Dokumenter heem geliwwert.

Dokumenter mat engem roude Balken op der Etikett, si vum Prêt ausgeschloss a mussen op der Plaz consultéiert ginn.

2.2. Ëmgang mat Dokumenter

De Benotzer muss op d’Dokumenter, déi hien uvertraut kritt, oppassen. Hien dierf keng Passagen ënnersträichen oder eppes schreiwen, och net mam Bläistëft. Hien dierf och keng Substanzen oder Hëllefsmëttele benotzen, déi d’Sammlunge beschiedege kéinten, ewéi z. B. Tënt aus dem Glas, Pech oder Korrekturflëssegkeet, Pechpabeier oder pecheg Notizziedelen, fir Säiten ze markéieren. Hien dierf d’Dokumenter net zerschneiden oder veränneren a keng Informatiounen aus hinne läschen. Hien dierf keng spatz oder schaarf Géigestänn ewéi Messeren, Cutteren oder Schéiere benotzen. Et ass och verbueden, Ecker ëmzeknécken, Dokumenter ze markéieren, se ze diebelen oder ze verbéien.

2.3. Dokumenter aus zouene Magaséngen

D’Consultatioun an d’Ausléine vun Dokumenter, déi an de Magasénge versuergt ginn, ass Persoune virbehalen, déi bei der BnL ugemellt sinn. Dës Persoune kënne bis zu 20 Dokumenter online op www.a-z.lu reservéieren. Reservéiert Wierker kënnen no enger Waardezäit bei den Guichet vun Prêt ofgeholl ginn.

Dokumenter, déi online reservéiert goufen, ginn eng Woch laang bei dem Guichet vum Prêt reservéiert. Wann dës Frist ofgelaf ass, gi se nees an d’Regaler zeréckgestallt.

D’Mikrofilmer kënnen an engem Beräich, dee fir dës Zwecker reservéiert ass, um 3. Stack vum Liessall gekuckt ginn. Lëtzebuergesch Zeitungen an aner Dokumenter, déi vun der BnL digitaliséiert goufen, kënnen net méi als Printversioun consultéiert ginn a mussen online gelies ginn. Si kënnen op Distanz an op all den Terminals, déi am Liessall zur Verfügung stinn, gekuckt ginn.

Net ausgeléint kënne ginn: all d’lëtzebuergesch an net lëtzebuergesch Wierker vu virun 1900 gradewéi Unikater aus dem Lëtzebuergesche Fong an all d’Dokumenter aus de Spezialsammlungen.

De Benotzer huet d’Méiglechkeet, Dokumenter, déi en anere Benotzer schonn ausgeléint huet, ze reservéieren. Hie kann d’Reservatiounen online selwer androen oder sech un den Ausléinguichet wenden. Bis déi reservéiert Dokumenter zeréckbruecht ginn, ass seng Bestellung an der Waardeschlaang. Wann d’reservéiert Dokument verfügbar ass, da gëtt de Benotzer per E-Mail informéiert an hie kann et eng Woch laang bei d’Ausléinguichete siche goen.

2.4. Dokumenter aus de Spezialsammlungen

Benotzer, déi Dokumenter aus de verschiddene Spezialsammlunge kucke wëllen, si gebieden, sech mat dem jeeweilege Service a Verbindung ze setzen, fir e Rendez-vous auszemaachen. Benotzer, déi Plakater kucke wëllen, si gebieden, fir d’éischt den Internetsite www.eluxemburgensia.lu ze consultéieren, iwwert dee si Zougang zu enger ëmmer méi grousser Zuel vun Affichen, déi vun der BnL digitaliséiert goufen, hunn. Fir d’Consultatioun vu Plakater op Pabeier muss eng Waardezäit vun 10 Schaffdeeg ageplangt ginn.

De Benotzer muss sech um Dag vum Rendez-vous pünktlech am Rara-Liessall Dr. Jean-Claude Loutsch mat senger gülteger Bibliothéikskaart presentéieren. Hien ass gebieden, d’BnL am Fall, wou hie verhënnert ass oder sech verspéit, ze informéieren. 

De Benotzer muss bei senger Demande uginn, wéi eng Spezialsammlung(en)/Dokument(er) hie kucke wëll. Se mussen an der BnL consultéiert ginn. Et ass net méiglech, se mat heem ze huelen. De Benotzer muss d’Dokumenter virsiichteg behandelen, dorop Uecht ginn, dass seng Hänn propper sinn, an eng eventuell Beschiedegung vum Dokument mellen.

 

Ausser de Reegele fir den Ëmgang mat Dokumenter, déi am Artikel 2.2. definéiert sinn, ass et och verbueden:

  • sech op Dokumenter ze stäipen oder se als Ënnerlag ze benotzen
  • se op de Buedem oder op de Schouss ze leeën
  • Dokumenter vun all Zort aus de Liesberäicher mat erauszehuelen
  • Géigestänn oder Substanze matzebréngen, déi d’Dokumenter dreckeg maachen oder beschiedege kéinten
  • d’Dokumenter, déi zur Verfügung gestallt ginn, ganz oder deelweis ze ersetze gradewéi beschiedegt Dokumenter ze flécken
  • bei net gebonnenen Dokumenter d’Reiefolleg vun de Blieder ze änneren

 

D’Consultatioun oder d’Benotzung vu bestëmmte Sammlunge ka verbueden oder limitéiert ginn:

  • wann d’Anhale vun den Droit-d’auteuren oder de perséinlechen Donnéeën dëst verlaangt
  • wann de Konservéierungszoustand oder d’Ofnotzung vum Material dëst verlaangt
  • wann et en Ersatzdokument gëtt (op Pabeier oder en digital verëffentlecht Dokument, Faksimile, Mikroform)
  • wann dat jeeweilegt Material zum Zäitpunkt vun der Demande scho fir aner Zwecker benotzt gëtt.

 

Kontaktdonnéeë vun de Spezialsammlungen:

  • Manuskriptesammlung: manuscrits@bnl.etat.lu
  • Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher: imprimes-rares@bnl.etat.lu
  • Plakat- a Postkaartesammlung: affiches@bnl.etat.lu a cartes-postales@bnl.etat.lu
  • Sammlung vu Kaarten, Pläng, Atlassen a Vuen: cartographie@bnl.etat.lu
  • Musekssammlung/Centre d’études et de documentation musicales (Cedom): cedom@bnl.etat.lu
  • Ikonographesch Sammlung: iconographie@bnl.etat.lu
  • Sammlung iwwer d’Lëtzebuerger Bibliothéikslandschaft a Buchgeschicht: histoire-bibliotheque@bnl.etat.lu
  • Ephemerasammlung: ephemera@bnl.etat.lu

2.5. Dokumenter aus anere Bibliothéiken

Fir Zougang zu Dokumenter ze kréien, déi am Besëtz vun anere Bibliothéike vum bibnet.lu-Reseau sinn, muss de Benotzer an d’Partnerbibliothéike goen (cf. d’Zougangskonditioune vun de Bibliothéiken op www.a-z.lu).

Fir Dokumenter ze kréien, déi an de Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu net verfügbar sinn (mee nach ëmmer am Handel verkaaft ginn), mécht de Benotzer Akafsvirschléi via de Formulaire, dee fir dësen Zweck op www.a-z.lu ze fannen ass. Dokumenter, déi fir d’Fuerschung nëtzlech sinn a scho bestoend Sammlungen ergänze kéinten, gi vun der BnL am Kader vun hire finanzielle Méiglechkeeten akaaft an un interesséiert Benotzer ausgeléint. D’Persounen, déi de Kaf virgeschloen hunn, gi benoriichtegt, esoubal d’Bestellungen ukomm sinn.

Fir Dokumenter ze consultéieren, déi zu Lëtzebuerg net verfügbar sinn, kënne sech Fuerscher un de Service „Prêt international“ vun der BnL wenden. Dëse Service beschaaft Reproduktiounen (Fotokopië vun Zäitschrëftenartikelen) oder Dokumenter (vergraffe Wierker, net méi am Handel verfügbar Dissertatiounen), déi kënnen ausgeléint ginn. Dës Demandë mussen iwwer www.a-z.lu gemaach ginn, andeems den entspriechende Formulaire ausgefëllt gëtt.

3. Verstéiss a Sanktiounen

D’BnL kann all Benotzer, deen den interne Reglement net respektéiert, den Accès op seng Servicer an den Openthalt am Liessall refuséieren.

Wann den Delai fir Dokumenter ofzeginn iwwerschratt gëtt, gëtt de Benotzer per E-Mail doriwwer informéiert, datt säi Lieserkonto automatesch gespaart gëtt. Hie wäert dann net méi vun de Servicer vun der BnL profitéiere kënnen an ass z.B. gespaart fir de Prêt vun Dokumenter, d’Verlängerung vun den aktuelle Prêten, nei Reservatiounen, den Zougang zu der digitaler Offer an de Service vum Prêt international. Dës Spär gëtt opgehuewe, soubal d’Dokument zréckgi gëtt. E Rappel gëtt zweemol hannerteneen bannent 14 Deeg geschéckt. E weidere Rappel gëtt dräi Wochen nom geplangte Retourdatum verschéckt. Doduerch entstinn net rembourséierbar Verspéidungskäschte vun 10 EUR. Dës Käschte musse per Virement bezuelt ginn. Dobäi muss an der Kommunikatioun vum Virement „Amende pour retard“ an d’Bibliothéikskaartenummer ugi sinn. E leschte Rappel gëtt 56 Deeg nom geplangte Retourdatum geschéckt. Wann d’Dokument net bis zum 70. Dag nom geplangte Retourdatum zréckkomm ass, deklaréiert d’Bibliothéik d’Dokument als verluer a fakturéiert et dem Benotzer. De Betrag, dee verrechent gëtt, ëmfaasst d’Käschte fir d’Dokument ze ersetzen an en net rembourséierbare Pauschalbetrag vun 25 EUR fir d’Beaarbechtungskäschten. Déi net rembourséierbar Verspéidungsfraise, de net rembourséierbare Pauschalbetrag fir Beaarbeschtungskäschten souwéi d’Käschte fir den Ersatz vu verluerenen Dokumenter ginn um Lieserkonto festgehalen. E Benotzer gëtt eréischt da fräigeschalt wann d’Dokument zréckginn an / oder d’Fraisen / d’Ersatzkäschte bezuelt goufen.

Am Fall wou en Dokument beschiedegt oder verluer gaangen ass, muss de Benotzer fir de verursaachte Schued opkommen. Hie mellt ouni Retard all Verloscht oder Déifstall vun engem Dokument, dat der BnL gehéiert oder vun enger auslännescher Bibliothéik iwwert de Service vum Prêt international ausgeléint gouf. D’BnL schéckt him eng Rechnung, déi de Remplacementskäschte vum Dokument entsprécht plus e fixe Montant vu 25 EUR fir net rembourséierbar Beaarbechtungskäschten.

4. D’BENOTZUNG VUM INTERNET AN DEN TOOLS FIR D’DOKUMENTESICH

4.1. D’Benotzung vum Internet an der BnL iwwer Festnetz oder Wifi

D’BnL bitt Benotzer, déi eng Bibliothéikskaart hunn, gratis Zougang zum Internet. Et ass strengstens verbueden, déi vun der BnL zur Verfügung gestallten IT-Tools nei ze konfiguréieren oder dëst ze probéieren. De Benotzer ass eleng fir d’Benotzung vun den IT-Ressourcen, déi him zur Verfügung gestallt ginn, responsabel.

De Benotzer dierf keng Donnéeën, Dokumenter, Biller, Videoen oder aner Fichiere mat Hëllef vun de staatlechen IT-Ressourcen eroplueden, eroflueden, späicheren, verëffentlechen, verbreeden oder verdeelen:

  • deenen hir Inhalter gewalttäteg, pornografesch, pedophil, rassistesch oder nationalsozialistesch sinn, géint en uerdentlecht Behuele verstoussen, de Respekt vun der Mënschewürd oder de Schutz vu Mannerjärege beanträchtege kënnen
  • deenen hir Inhalter verleumderesch oder am Allgemenge verbuede sinn
  • déi d’staatlech Ressourcen a virun allem d’Integritéit an d’Erhale vu staatlechen Informatioune beanträchtegen
  • déi dem Image vum Staat am In- an Ausland schueden.

De Benotzer dierf net op Servicer am Internet zougräifen, déi sech mat dësen Theemae befaassen.

De Benotzer dierf d’staatlech IT-Ressourcen net dozou benotzen, fir aner Persounen ze belästegen, ze bedroen oder ze beleidegen, oder fir Zwecker, déi géint d’gülteg Gesetzer verstoussen.

De Benotzer muss déi gülteg Gesetzer, wat de geeschtegen Eegentum an d’Droit-d’auteuren ugeet, anhalen. Aus dësem Grond dierf hien ouni déi néideg Geneemegunge keng Fichieren eroplueden, eroflueden, späicheren oder iwwerdroen, déi Elementer enthalen, déi duerch dës Gesetzer geschützt sinn.

De Benotzer dierf wëssentlech keng Fichieren eroplueden, eroflueden oder iwwerdroen, déi Viren oder verfälscht Donnéeën enthalen. Hie muss déi néideg Precautiounen ergräifen, fir beschtméiglech ze verhënneren, dass esou Fichiere vu sengem Computer aus ongewollt verbreet ginn.

De Benotzer dierf keng falsch Angaben zu der Quell vun Donnéeën an engem Fichier maachen.

De Benotzer dierf keng Massen- oder Kettebréiwer (individuell Messagen, déi am Kader vun enger kollektiver Verbreedung un all d’Kontakter geschéckt goufe mat der Opfuerderung, se och un all d’Kontakter ze schécken) verschécken, wann dëst net duerch berufflech Zwecker gerechtfäerdegt ass.

De Benotzer muss d’staatlech IT-Ressourcen esou benotzen, dass hien anere Benotzer den Zougang zu dëse Ressourcen net erschwéiert.

Eng Rei Aktivitéiten, déi hei driwwer opgezielt ginn, kënne Strofdoten duerstellen.

4.2. D’Sichmaschinn a-z.lu an d’Portal eluxemburgensia.lu

D’Internetsitte www.a-z.lu a www.eluxemburgensia.lu sinn aus der Distanz accessibel. Aus Grënn, déi mat den Droit-d’auteuren zesummenhänken, ginn eng Partie Dokumenter um Portal eluxemburgensia, ewéi Postkaarten a Plakater, just innerhalb vun de Raimlechkeete vun der BnL an hirer reeller Gréisst ugewisen.

4.3. Consultatioun vun der digitaler Bibliothéik op a-z.lu

Benotzer, déi eng Bibliothéikskaart vun der BnL oder der Universitéitsbibliothéik hunn, kënne vun all Computer mat Internetaccès op déi meescht lizenzéiert digital Ressourcen zougräifen. Bestëmmt Ressourcë kënne just innerhalb vun de Raimlechkeete vun der BnL oder der Uni.lu-Bibliothéik gekuckt ginn.

D’Benotzung vun den elektronesche Ressourcen ënnerläit de lëtzebuergeschen Droit-d’auteurs-Gesetzer an dësem Reglement. Wann net anescht virgesinn, dierfen d’Inhalter just fir privat, pedagogesch oder wëssenschaftlech Zwecker benotzt ginn. Et ass verbueden, Inhalter systematesch erofzelueden an/oder un net autoriséiert Drëttpersoune weiderzeleeden.

4.4. Ufroen um Site webarchive.lu

Internetsitten, déi vun der BnL op www.webarchive.lu archivéiert goufen, kënne just op den Terminals am BnL-Liessall gekuckt ginn.

5. Reprographie

D’BnL stellt dem Public Kopiesmaschinnen a Scanneren zur Verfügung. De Benotzer ka Kopië maachen a Säite scannen, nodeems hie Suen op seng Bibliothéikskaart gelueden huet. Et ass verbueden, dat ganzt Dokument ze kopéieren oder ze scannen.

Wann net anescht virgesinn, dierfen déi reproduzéiert Dokumenter just an deem Kader benotzt ginn, deen am geännerte Gesetz vum 18. Abrëll 2001 iwwer d’Droit-d’auteuren, ergänzend Rechter an d’Datebanken definéiert ass.

Bei all Verëffentlechung vun enger Reproduktioun vun engem Dokument, dat am Besëtz vun der BnL ass, muss d’Originn vum Dokument genannt ginn, d. h. „Bibliothèque nationale du Luxembourg“ an den Numm vum Service, aus deem déi jeeweileg Dokumenter stamen, gradewéi déi entspriechend Kennziffer. D’Kontaktdonnéeë vun der Verëffentlechung mussen der BnL matgedeelt an e Pflichtexemplaire vun der Publikatioun (Dépôt légal) hannerluecht ginn.

6. PERSÉINLECH DONNÉEËN

Fir d’Umeldung bei der BnL musse folgend Informatiounen an Noweiser presentéiert ginn: Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Adress, E-Mail-Adress, Kopie vun engem Identitéitsdokument oder eng elektronesch Ënnerschrëft. D’BnL behält sech d’Recht vir, e Certificat vum Wunnuert an/oder e Certificat iwwer d’Immatrikulatioun bei enger Héichschoul, déi vum lëtzebuergesche Staat unerkannt ass, ze verlaangen.

Dës Informatiounen (d’„perséinlech Donnéeën“) sinn néideg, fir d’Umeldung ze validéieren an e perséinleche Lieserkont anzeriichten. Eng Kopie vun der Umeldungsfiche gëtt a Pabeierform an den Archive vun der BnL versuergt. Ouni Verlängerung ass d’Dauer vun der Umeldung fir d’BnL zwee Joer. 24 Méint, nodeems all d’Umeldunge fir d’Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu ofgelaf sinn, ginn d’perséinlech Donnéeën automatesch geläscht. Den Ausléinhistorique gëtt an anonymiséierter Form fir d’Statistiken, déi d’Bibliothéik erstelle muss, versuergt. D’perséinlech Donnéeë ginn am „kollektive Lieserindex“ vum integréierte Gestiounssystem vum Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéike bibnet.lu, deen d’Memberbibliothéike vum Reseau gemeinsam benotzen, gespäichert. D’Lëscht vun de Memberbibliothéike kann um Internetsite www.bibnet.lu consultéiert ginn.

De Benotzernumm an d’Passwuert gëlle fir all d’Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu, bei deenen de Benotzer ugemellt ass oder sech umelle kann. D’perséinlech Donnéeë kënne vun enger begrenzter Zuel vun autoriséierten an entspriechend forméierte Persoune fir déi folgend Zwecker verschafft ginn.

D’perséinlech Donnéeë gi gesammelt a verschafft fir:

  • d’Umeldung bei der BnL an d’Aktualiséierung vun den Donnéeë vum Lieserkont
  • Reservatioune fir d’Ausléinen an d’Benotze vun Dokumenter an der BnL, d’Reproduktioun vun Dokumenter
  • Bestellunge vun Dokumenter aus Bibliothéiken am Ausland
  • de Benotzer wéinst Reservatiounen, Rappeller a Geldboussen ze kontaktéieren
  • d’Benotze vun den IT-Tools, déi vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn
  • den Zougang zu den Online-Ressourcen, déi dem Benotzer vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn, an hir Benotzung
  • d’Erstelle vun anonymiséierte Statistiken, fir d’Servicer vun der BnL ze verbesseren
  • d’Opdecke vu Bedruch a Mëssbrauch beim Benotze vun den digitale Ressourcen, déi dem Benotzer vun der BnL zur Verfügung gestallt ginn
  • d’Traitéiere vun Ufroen duerch d’BnL, déi Renseignementer iwwer perséinlech Donnéeën, hir Rektifikatioun an de Widdersproch géint hiert Verschaffe gradewéi aner Rechter am Zesummenhang mat dësen Donnéeë betreffen
  • d’Abonnement vum BnL-Newsletter, dee mathëllef vum Sous-traitant Mailjet, Paräis, geréiert gëtt.

Den Direkter vun der BnL ënnersteet deem fir Kultur zoustännege Minister an ass, zesumme mat deenen anere Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu, fir d’Verschaffe vun den Donnéeë laut dem Allgemengen Dateschutzreglement (EU) vum 27. Abrëll 2016 (2016/679) responsabel.

De Benotzer huet d’Recht op Renseignementer iwwer seng perséinlech Donnéeën an d’Recht op Rektifikatioun vun dësen Donnéeën. All Ännerung vu senge perséinlechen Donnéeë kann direkt am Accueil vun der BnL oder online iwwer säi Lieserkont um Internetsite www.a-z.lu gemaach ginn.

De Benotzer huet d’Recht, den Newsletter iwwer e Link an all den E-Mailen ofzebestellen oder andeems hien d’BnL kontaktéiert. D’E-Mail-Adress vum Benotzer gëtt just fir den Zäitraum, wärend deem hien ugemellt ass, gespäichert.

De Benotzer huet och d’Recht, säin Accord fir d’Späichere vu sengen Donnéeën am kollektive Lieserindex vum Reseau bibnet.lu zeréckzezéien, dem Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeën ze widderspriechen, d’Läschen an e limitéiert Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeë gradewéi hir Iwwerdrobarkeet ze fuerderen.

Am Fall vun engem Verstouss géint d’gülteg Dateschutzvirschrëften huet de Benotzer och d’Méiglechkeet, sech bei enger Kontrollinstanz ewéi der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données, CNPD) ze beschwéieren.

A bestëmmte Fäll, déi am Reglement (EU) 2016/679 virgesi sinn, kann d’BnL sech dëse Rechter widdersetzen. Nom Läsche vu senge perséinlechen Donnéeë kann de Benotzer keng Dokumenter méi ausléinen an och net méi op d’IT-Servicer vun der BnL zougräifen.

Fir weider Informatiounen iwwert seng Rechter a wéi dës ausgeüübt kënne ginn, ka sech de Benotzer per E-Mail op dpo@bnl.etat.lu oder per Courrier op dës Adress un d’BnL wenden:

Bibliothèque nationale du Luxembourg

Données Personnelles / Délégué à la protection des données

37D, avenue John F. Kennedy

L-1855 Luxembourg

7. Hiweis

D’BnL behält sech d’Recht vir, dëst Reglement zu all Moment ganz oder deelweis ze änneren. Déi aktuell gülteg Versioun vum Benotzungsreglement kann um BnL-Internetsite consultéiert ginn.

Aktualiséiert