Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher
Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher
Iwwersiicht
Inhalt vun der Sammlung
D’Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher ëmfaasst Dokumenter aus dem 16. Joerhonnert bis un den Ufank vum 19. Joerhonnert. Si enthält ronn 200 Inkunabelen an de gréissten Deel vun de Wierker, déi virun 1800 zu Lëtzebuerg gedréckt goufen, dat heescht Wierker vu Buchdrécker, déi am Herzogtum Lëtzebuerg geschafft hunn.
Ausserdeem gehéieren zur Sammlung och Publikatioune mat Bezuch zu Persounen, déi zu Lëtzebuerg am Ancien Régime gebuer goufen, do gewunnt oder geléiert hunn (wéi Latomus, Sturm, Hovaeus, Wiltheim, asw.), souwéi besonnesch Abänn (historesch a modern), an e puer dausend Wierker, déi opgrond vun hirer Seelenheet, hirem Inhalt oder hirer Hierkonft bemierkenswäert sinn.
Sichen a consultéieren
Beschreiwend Katalogen
En Deel vun den Dréck si schonn am Online-Katalog a-z.lu opgelëscht. De Catalogage ass allerdéngs nach net ofgeschloss, sou datt vill Wierker do nach net verzeechent sinn. Fir déi net katalogéiert Bestänn bleiwe follgend Kataloger op Pabeier wichteg Referenzwierker.
- Inkunabelen: Dir kënnt de Katalog der Inkunabeln der Nationalbibliothek Luxemburg (1970) consultéieren.
- Lëtzebuerger Dréck: Dir kënnt de Katalog Die Luxemburger Drucker und ihre Drucke (1968) consultéieren.
- Besonnesch historesch Abänn: Dir kënnt d’Katalogen Reliures des XVIe et XVIIe siècles (2000) a Bemerkenswerte Einbände in der Nationalbibliothek zu Luxemburg (1972) consultéieren.
Zougangsbedéngungen
Dir kënnt d’Dokumenter aus der Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher just op der Plaz a mat Rendez-vous am Rara-Liessall Dr Jean-Claude Loutsch consultéieren.
Publikatiounen a Verbindung mat der Sammlung
Relevant Theemen
Aktualiséiert den