Grousse Succès fir d’Journées d’études iwwer de François-Xavier de Feller

Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher

Den 8. a 9. Februar 2024 huet d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg d’Journées d’études iwwer de François-Xavier de Feller (1735-1802) organiséiert, e fréiere Jesuitt, dee säi Schreiwen an den Déngscht vun der weltlecher a geeschtlecher Gewalt gestallt huet.

D’Manifestatioun, un der Historiker a Literaturwëssenschaftler deelgeholl hunn, huet d’Bedeitung vun dësem Auteur ënnerstrach, deem säi Wierk zu engem groussen Deel zu Lëtzebuerg redigéiert a beim Editeur André Chevalier publizéiert gouf; e Wierk dat an der BnL consultéiert ka ginn.

D’Journées d’études hunn national an international Historiker a Literaturwëssenschaftler zesummebruecht.

Dës zwee Deeg hu Fuerscher mat ënnerschiddlechen Hannergrënn d’Méiglechkeet ginn, sech iwwer e Wierk auszetauschen, dat zwar wéineg bekannt, mee awer essenziell fir d’Verständnes vum Kontext vun der wëssenschaftlecher, philosophescher a reliéiser Polemik am 18. Joerhonnert ass. Si hunn dem Feller seng Aktivitéit als Geléierten an als Polemiker beliicht an hu verschidden Aspekter vum gedréckte Wuert, der Verbreedung vu Wëssen an deenen domat verbonnenen Kontroversen ënnersicht.

Um Programm stoung och eng Féierung duech d’Fonge vun der Nationalbibliothéik, déi et de Participanten erméiglecht huet, net nëmme verschidde Schrëfte vum Feller ze gesinn, mee och Dokumenter, déi mam fréiere Jesuittekolléisch a Verbindung stinn, besonnesch Theaterstécker a Coursen an der Naturphilosophie betreffend.

Aktualiséiert