Lëtzebuergesche Fong
Lëtzebuergesche Fong
Am lëtzebuergesche Fong fannt Dir all déi no 1800 zu Lëtzebuerg gedréckten oder digital Publikatiounen, déi per Flichtexemplaire ofginn an zousätzlech zum Dépôt légal vun der BnL kaaft goufen. Ausserdeem ëmfaasst dëse Fong Publikatiounen, déi vu lëtzebuergesche Staatsbierger am Ausland oder am Zesummenhang mat Lëtzebuerg an dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg verëffentlecht goufen. Plakater a Postkaarten, d’Lëtzebuerger Musekssammlung oder Wierker, déi virun 1800 entstanen a seelen oder besonnesch wäertvoll sinn, sinn Deel vun de Spezialsammlungen.
Digital Ressourcen
D’Nationalbibliothéik bitt Iech ëmmer méi digital Dokumenter un.
Prêt A Consultatioun
De lëtzebuergesche Fong ass op a-z.lu erfaasst. Am Liessall kënnt Dir d’Dokumenter aus dem lëtzebuergesche Fong duerch d’Ofkierzung „LU“ op der Etikett identifiéieren. An der Reegel fannt Dir se zwee mol: een Exemplaire fir d’Consultatioun op der Plaz an een Exemplaire fir de Prêt.
Doriwwer eraus gëtt et och eng grouss Auswiel u lëtzebuergeschen Zäitschrëften, déi am Liessall disponibel sinn. De gréissten Deel ka just op der Plaz consultéiert ginn. Am Parterre fannt Dir zousätzlech lëtzebuergesch Dageszeitungen a Bulletine vu lëtzebuergesche Gemengen an Associatiounen.
Dokumenter ënnert der Lupp
Eis Mataarbechter maachen Iech op verschidden Dokumenter aus eise Fongen virwëtzeg.
-
“...dem wahren Kino in Luxemburg den Weg bereiten.”
Anfänge einer luxemburgischen Filmkultur in Evy Friedrichs Magazin „Le Film Luxembourgeois“ (1927-1934)Knapp dreißig Jahre nach der Geburtsstunde des Kinos steckt die Filmkultur in Luxemburg noch in den Kinderschuhen. Eine Gruppe junger Cineasten will dies ändern: 1927 gründen sie die erste Luxemburger Filmzeitschrift „Le Film Luxembourgeois“.
-
Tour de Frantz
Zu einer humoristischen Sonderbeilage des „Gukuk“ (1924)Vor hundert Jahren fuhr Nicolas Frantz in seinem zweiten Profijahr und bei seiner ersten Teilnahme an der Tour de France 1924 sogleich aufs Podest. Vor allem die Sportjournalisten hatten zu einem „Frantzfieber“ in Luxemburg beigetragen.
-
Le témoignage d’une lettre manuscrite de 1921
Regard nuancé sur un chef militaire controversé de la Grande GuerreEn 1921, le lieutenant-colonel Frederic Louis Huidekoper, stationné temporairement au Luxembourg, écrit une lettre d’admiration à Field Marshal Haig, alors très respecté. Toutefois, après sa mort, Haig sera critiqué pour sa doctrine militaire caduque.
Noriichten
Entdeckt Aktuelles aus dem lëtzebuergeschen Fong.
-
Entdeckt dat aktualiséiert Lëtzebuerger Webarchiv
Nieft engem neien Interface, gouf och d’Sich iwwer Stéchwierder agefouert, esou datt d’Notzer net méi eng spezifesch URL antippe mussen an den archivéierte Lëtzebuerger Internet méi ausgibeg a méi am Fong entdecke kënnen.
-
Ënnerschreiwe vun enger Lizenz fir d’Online-Bereetstellung vu vergraffene Wierker
E Wierk gëllt als net méi am Handel verfügbar, wann et iwwer déi üblech kommerziell Kanäl net méi zougänglech ass, onofhängeg vum Format.
-
Melusina Press a Rëmelenger Calepin vun der BnL online gesat
D’BnL huet zwee nei Ensembele vu Contenuen online gesat, déi d’Diversitéit vun der LëtzebuergerEditiounslandschaft erëmginn: et handelt sech hei ëm d’Publikatioune vu Melusina Press an de Rëmelenger Calepin.
Aktualiséiert den