Pressecommuniqué
D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) annoncéiert d’Verëffentlechung vun enger Lëscht mat Lëtzebuerger Publikatiounen, déi net méi am Handel disponibel sinn, op der Websäit vum European Union Intellectual Property Office (EUIPO). Dës Initiativ soll den Zougang zu dëse Wierker erliichteren.
D’Lëscht bleift sechs Méint laang um EUIPO-Portal publizéiert. An dëser Zäit hunn d’Ayants droit d’Méiglechkeet, der Integratioun vun hire Wierker ze widderspriechen. Falls dat net geschitt, ginn d’digitaliséiert Texter no dëser Frist op eluxemburgensia.lu online gesat a sinn dann och ausserhalb vum Liessall vun der BnL zougänglech.
All Joer ergänzen d’BnL a Luxorr (Luxembourg Organization for Reproduction Rights) dëse Katalog mat neien Titelen, déi an d’Lizenz fir vergraffe Publikatiounen opgeholl ginn. No enger weiderer Frist vu sechs Méint ginn och dës Wierker no deem selwechte Prinzip fräigeschalt.
Dëse Projet ass Deel vun engem Partenariat tëscht der BnL a Luxorr, déi d’Verbreedung vun dëse Publikatiounen iwwer d’Plattform eluxemburgensia.lu erméiglecht. Duerch dës Zesummenaarbecht kënne vergiesse Wierker erëm vum Public entdeckt ginn, wat zur Valorisatioun vum Lëtzebuerger kulturelle Patrimoine bäidréit.
Déi komplett Lëscht vun de betraffene Publikatiounen ass op der EUIPO-Websäit ze fannen. Weider Informatiounen zu den Demarche fannt Dir op um Portal eluxemburgensia.lu.
Aktualiséiert den