D’BnL setzt sech fir e besseren Accès op Informatiounen zu vergraffene Wierker an Oppene Bréif un den EUIPO

D’Nationalbibliothéik huet viru Kuerzem en oppene Bréif un den EUIPO (Office de l’Union européenne pour la propriété intellectuelle) mat ënnerschriwwen, dat déi europäesch Datebank fir vergraffe Wierker geréiert. Dës Datebank erméiglecht et patrimoniale Kulturinstituter wéi der BnL, hir Prozesser vun der Klärung vun den Droits d’auteur, der Digitaliséierung an der Online-Bereetstellung ze optimiséieren.

Den oppene Bréif verdäitlecht d’Bedenken, déi d’BnL an hir Co-signatairen, zu deene Vertrieder vun Editeuren, vu Verwäertungsgesellschaften an d’Bibliothéiksverbänn Fédération Européenne des Editeurs (FEP-FEE), International Federation of Reproduction Rights Organisations (IFRRO) an International Federation of Library Associations (IFLA) gehéieren, deelen.

Am Schreiwes gi verschidde kritesch Punkten ugeschwat, déi sech haaptsächlech op d’Funktiounsweis vum EUIPO-Portal beruffen – dorënner technesch Aschränkungen, déi d’Deklaréieren vu Wierker duerch Kulturinstitutiounen, d’Authentifizéierung an d’„Opt-Out“-Verfuere fir Ayant droits betreffen, esou wéi d’Feele vun enger funktionéierender API, dat d’Automatiséierung vum Datenaustausch verhënnert. Doriwwer eraus fuerdert de Bréif, datt den EUIPO méi Ressourcë fir d’Optiméierung an de Fortbestand vum Portal bereetstellt.

Als wichtegen Acteur fir d’Erhalen an d’Verbreedung vun der Kultur zu Lëtzebuerg, affirméiert d’BnL weiderhin hiert Engagement, fir den Zougang vu Wierker, déi net méi am Handel disponibel sinn, ze erliichteren.

Aktualiséiert