Musek a Filmer
Musek a Filmer
Iwwersiicht
Museksstreaming
D’Naxos Music Library enthält d’Kataloge vun iwwer 50 Labelen aus de Beräicher Klassik, Jazz a Weltmusek a bitt Zougrëff op iwwer 3 Milliounen Titelen.
Den Zougang ass gratis a reservéiert fir Persounen, déi bei der Nationalbibliothéik ageschriwwe sinn a zu Lëtzebuerg oder an de Grenzregioune wunnen.
Videosstreaming
Verschidde Fournisseuren bidden eng breet Auswiel u Filmer, Documentairen, Concertsopnamen, Danzopféierungen, Serien a kulturell Filmer un. Dëst a ville Sproochen a mat enger Auswiel fir Kanner. Déi meescht Video-Plattformen hunn och dediéiert Apps fir Smartphonen, Tabletten a Smart-TVen.
Den Zougang ass gratis a reservéiert fir Persounen, déi bei der Nationalbibliothéik ageschriwwe sinn a zu Lëtzebuerg oder an de Grenzregioune wunnen.
Wéi kann ech d’Streamingdéngschter notzen?
- Connectéiert Iech op a-z.lu a gitt den Numm vun enger Streaming-Plattform an d’Sichfeld an (z. B. Naxos Music Library, Filmfriend, Kanopy, tënk…).
- Wielt „Digitale Bibliothek“ am Dropdown-Menü aus a lancéiert Är Recherche.
- Klickt op den Numm vun der Plattform: Eng nei Fënster geet op.
- Klickt elo op déi wäiss Këscht ënner „Volltext-Verfügbarkeit“ fir op de gewënschte Streamingdéngscht weidergeleet ze ginn.
Beuecht wgl., datt Dir op der Kanopy-Websäit e Benotzerkonto erstelle musst, fir dësen Déngscht ze notzen.
Wat ass d’„Médiathèque numérique du Luxembourg“?
D’Médiathèque numérique du Luxembourg (MéNuLu) ass eng Offer, déi an Zesummenaarbecht mat der Cité Bibliothèque a mam Centre national de l’audiovisuel lancéiert gouf. Fënnef weider Bibliothéiken hu sech 2024 MéNuLu ugeschloss. Dank de Partenariater mat de Plattforme Filmfriend a Kanopy kënnen Notzer op eng ëmfangräich Mediathéik u Documentairen, Serien, Filmer, Kannerfilmer a Musek zougräifen.
Aktualiséiert den