Selfservice-Apparater

Selfservice-Apparater

Prêt-/Retourmaschinnen

E Prêt enregistréieren

Am Liessall stinn op all Stack automatesch Prêt-/Retourmaschinnen, ob deenen Dir Är Prêten enregistréiere kënnt.

  1. Mellt Iech fir d’éischt mat Ärer Bibliothéikskaart un
  2. Leet dann d’Dokumenter noeneen op d’Plack. Äre Prêt gëtt automatesch an Ärem Benotzerkont enregistréiert. Op Wonsch kënnt Dir och e Reçu ausdrécken.

En ausgeléinten Dokument zréckginn

Dir kënnt ausgeléinten Dokumenter iwwer d’Apparater am Liessall zréckginn.

  1. Leet d’Dokumenter noeneen op d’Plack an dréck op „Rückgabe“/„Retour“. De Retour gëtt automatesch an Ärem Kont enregistréiert.
  2. Leet duerno d’Dokumenter an d’Rullregal oder an d’Këscht, déi niewendrun steet. Stellt d’Dokument wannechgelift net selwer an d’Regal zréck.

Zousätzlech stinn Iech zwou automatesch Retourmaschinnen an der Agangshal zur Verfügung, esouwéi eng drëtt bausse vum Gebai, déi ëmmer funktionéiert, och wann d’Bibliothéik zouhuet.

Hei kënnt Dir all Dokument zréckginn, dat Dir vun der Nationalbibliothéik oder vum Bicherbus ausgeléint hutt.

E reservéiert Dokument ofhuelen

Bei der Reservatioun iwwert de Portal a-z.lu kënnt Dir wielen, ob Dir Är Dokumenter an de Guichet vum Prêt oder bei d’Ofhuelstatioun virun der Bibliothéik siche komme wëllt. Dës ass ronderëm d’Auer disponibel.

Beuecht wannechgelift, datt nëmme bestëmmten Dokumenter an d’Ofhuelstatioun geliwwert kënne ginn. An deem Fall gëtt Iech dës Optioun bei der Reservatioun ugewisen.

Multimedia-Accessoiren

Beim Agank vun der Mediathéik fannt Dir eng Selfservice-Statioun iwwer déi Dir Multimedia-Accessoiren, wéi Kopfhöreren, Adapterkabelen oder DVD-/Blu-Ray-Playeren ausléine kënnt.

Fir eppes auszeléinen, scannt Är Bibliothéikskaart um Automat, gitt d’Nummer vun dem gewënschten Accessoire an, a confirméiert Äre Choix.

Oft gestallte Froen

Brauch ech eng Bibliothéikskaart, fir d’Selfservice Apparater ze benotzen?

Jo, Dir musst eng physesch Bibliothéikskaart vun der BnL hunn, fir e Prêt ze verbuchen oder en Dokument bei der Statioun ofzehuelen. Op dësen Apparater kënnt Dir Iech net mat Ärem Benotzernumm a Passwuert verbannen. Fir e Retour ze maachen, musst Dir Iech allerdéngs net umellen.

Wat soll ech maachen, wann d’Retourmaschinn mäi Buch net unhëlt?

Mir recommandéieren Iech, d’Dokumenter net all beieneen, mee eent nom aneren eranzeginn. Wann een Dokument vun der Retourmaschinn net ugeholl gëtt, vergewëssert Iech wgl., datt et aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik oder vum Bicherbus kënnt an net vun enger anerer Bibliothéik. Alternativ kënnt Dir et och beim Guichet vu Prêt zréckginn.

Wéi laang hunn ech Zäit, en Dokument an d’Ofhuelstatioun sichen ze kommen?

D’Dokumenter leie siwen Deeg laang fir Iech prett. Wann Dir se net ënnerhalb vun dëser Zäit ofhuele kommt, ginn se zréck an de Magaséng bruecht an Är Reservatioun gëtt annuléiert.

Wouhier weess ech, ob e Buch an d’automatesch Ofhuelstatioun hannerluecht ka ginn?

Nëmme bestëmmten Dokumenter kënnen an d’Ofhuelstatioun geliwwert ginn. An deem Fall gëtt Iech dës Optioun bei der Bestellung op a-z.lu ugewisen.

Klickt op den Dropdown-Menü a wielt d’automatesch Ofhuelstatioun als „Abholort“ / „Bibliothèque de retrait“ aus.

Wéi eng Multimedia-Accessoirë kann ech ausléinen?

Dës Objete sinn disponibel:

  • Kopfhörer – fir d’Benotzung op der Plaz

  • DVD-/Blu-Ray-Playere mat Adapterkabelen (Lightning, Micro-USB, USB-C) an engem USB-Oplueder (USB-A an USB-C) – fir d’Benotzung op der Plaz oder fir auszeléinen

  • Accessoirë fir Grupperaim: Fernbedienungen a Stëfter fir Touchscreenen, Adapterkabelen (USB-A op USB-B; USB-C op HDMI; DisplayPort op HDMI; Mini DisplayPort op HDMI; HDMI op Mini HDMI; HDMI op HDMI) – fir d’Benotzung op der Plaz

Aktualiséiert den