a-z.lu

a-z.lu

Mat just e puer Klicks bréngt Iech a-z.lu bei Äert gewënschte Resultat - egal ob et sech ëm gedréckten oder digital Dokumenter handelt. Mat dëser Online-Sichmaschinn kënnt Dir de ganze physeschen an digitalen Dokumenter- a Mediebestand vun der Nationalbibliothéik a vun all de Bibliothéike vum bibnet.lu-Reseau a vum Konsortium Lëtzebuerg duerchsichen.

Sichen a filteren

a-z.lu bitt sëllege Sich- a Filterfunktiounen. Dir kritt net just d’Lëscht mat de Resultater ugewisen, mee och d’bibliographesch Donnéeën, d’Inhaltsverzeechnes oder de Buchdeckel. Mat Hëllef vun de Filteroptiounen hutt Dir d’Méiglechkeet, d’Resultater ze preziséieren oder d’Sich no ënnerschiddleche Krittären anzeschränken. Iwwer e Link kommt Dir vun a-z.lu bei déi digital Dokumenter.

Sëlleg aner Funktiounen, ewéi d’Erstellen an d’Verwalte vun enger Favorittelëscht, eng Zitéierhëllef oder d’Verschécken vun enger Sichufro, erliichteren d’Recherche mat a-z.lu.

Op a-z.lu sichen

Ausléinen a consultéieren

Digital Dokumenter

Wann Dir an der Sichmaschinn a-z.lu d’Referenz vun engem digitalen Dokument fannt, da klickt einfach op de Link „Online-Zugriff“/„Accès en ligne“ ënnert dem Titel vum Dokument. Jee no Zort Dokument kann et sinn, dass Dir nach op eng Zwëschesäit kommt oder dass Dir e weidere Programm braucht, fir d’Dokument consultéieren ze kënnen.

Physesch Dokumenter

Wann Dir an der Sichmaschinn a-z.lu d’Referenz vun engem Dokument recherchéiert hutt, da gesitt Dir an der bibliographescher Notiz, wou et am Liessall steet oder wéi Dir et bestelle kënnt.

Steet en Dokument am Liessall, da musst Dir et selwer aus dem Regal huelen a kënnt et, fir mat heem ze huelen, am Guichet ausléinen oder iwwer automatesch Prêt-/Retourmaschinnen selwer ausléinen. Mierkt Iech d’Cote vum Dokument, fir et am Liessall ze fannen. a-z.lu bitt Iech och d’Funktioun, eng GPS-Kaart vum Liessall opzemaachen, op där Iech de Wee bei d’Dokument ugewise gëtt.

Ass den Titel am Magaséng, geet Iech e BnL-Mataarbechter d’Dokument sichen. Dir musst den Titel just iwwer a-z.lu bestellen. Wann net schonn eng aner Persoun d’Dokument ausgeléint huet, dann dauert et maximal zwou Stonnen, bis Dir et am Guichet ofhuele kënnt. Dir kritt per E-Mail gesot, esou bal en Titel prett ass, fir ofgeholl ze ginn.

Méi iwwert de Prêt Op a-z.lu sichen

Mäi Lieserkont

Fir op Äre Lieserkont zouzegräife musst Dir Iech just aloggen an uewe riets op de Menü klicken. An Ärem Lieserkont gesitt Dir eng Lëscht vun aktuellen a fréiere Prêten, Är Reservatiounen an en Historique vun Äre Recherchen. Dir kënnt Är Prête verlängeren, Reservatiounen annuléieren an Är perséinlech Donnéeë beaarbechten.

Sech op a-z.lu aloggen

Oft gestallte Froen

Wéi maachen ech eng einfach Recherche?

Gitt op a-z.lu, schreift Är Stéchwierder einfach an d'Sichleescht uewen op der Säit a lancéiert dann Är Sich! Duerno hutt Dir d'Optioun Är Resultater mat Hëllef vu Filteren ze verfeineren.

Wéi maachen ech eng erweidert Recherche?

Gitt op a-z.lu a klickt op de Knäppchen "Recherche avancée" riets nieft der Sichleescht. Véier Optioune ginn Iech ugewisen.

  • Tous les contenus: Dësen Tab ass standardméisseg aktiv, an erlaabt et Iech am Gesamtkatalog (physesch Dokumenter an online Ressourcen) vun alle Bibliothéiken ze sichen.
  • Ma bibliothèque bibnet.lu: Dësen Tab erméiglecht et Iech nëmmen déi Dokumenter ze sichen, déi een zum Beispill an der Nationalbibliothéik fënnt. Dës kënnen entweder fir de Prêt, Consultatioun op der Plaz oder online disponibel sinn. Klickt fir d'éischt op den Tab a wielt dann Är Bibliothéik aus der Lëscht.
  • Bibliothèque numérique:  Mat dësem Tab gräift Dir schnell op all digital Dokumenter a Ressourcen zou. Dir kënnt entweder no Typ vu Contenu oder no engem präzisen Typ vun Dokument, wéi z. B. E-Books, online Périodiquen oder wëssenschaftlech Artikelen, sichen. 
  • Eluxemburgensia: Wielt dësen Tab wann Dir nëmme Lëtzebuerger digitaliséiert Dokumenter gesi wëllt. Hei fannt Dir z. B. Dageszeitungen, Referenzwierker, Manuskripter, Monografien, Postkaarten oder Plakater.

D'erweidert Sich erméiglecht et Iech och, eng präzis Recherche iwwer verschidde Felder oder d'Boolesch Operatoren ET, OU, SAUF ze maachen.

Wéi filteren ech meng Resultater?

Nodeems Dir eng Sich gestart hutt, ginn Iech d'Resultater ugewisen. Op der lénker Säit gesitt Dir Informatiounen zu all Dokument, wéi z. B. d'Dokumentzort (Buch, Artikel asw.), den Titel, den Auteur an d'Verëffentlechungsjoer.

Op der rietser Säit fannt Dir Filteroptiounen, mat deenen Dir Är Recherche verfeinere kënnt. Esou kënnt Dir z. B. entscheeden, ob Dir nëmme physesch Dokumenter oder digital Ressourcen ugewise kréie wëllt. Dir kënnt och no Typ vu Dokument, Bibliothéik, Sprooch, Auteur, Erstellungsdatum oder Thema filteren.

Nodeems Dir e Filter ugewannt hutt, kënnt Dir en zu all Ament nees ewech huelen, andeems Dir op dat grot Kräiz nieft dem Filter klickt.

Wéi reservéieren ech eng speziell Ausgab vun enger Kollektioun oder engem Multi-Volume?

Bei verschidde Sammlungen oder Multi-Volumen, z. B. wéi bei "Que sais-je", déi iwwer 8.000 verschidde Publikatiounen hunn, musst Dir an der Rubrik lénks op "Liens descendants" drécken. Esou gesitt Dir déi komplett Lëscht vun allen Publikatiounen an dëser Sammlung. Wielt eng Publikatioun aus, fir déi Dir Iech interesséiert a reservéiert se.

Fir eng bestëmmten Ausgab vun enger Sammlung ze reservéieren, klickt fir d'éischt op d'Symbol ënne riets nieft "Localisations" a benotzt de Filter, deen ugewise gëtt. Wielt d'Nationalbibliothéik aus a klickt op "Réserver".

Wéi verlängeren ech e Prêt?

Loggt Iech an a klickt op Ären Numm uewe riets um Schierm. Maacht Äre Konto op an klickt op "Prêts" fir ze gesi, wat fir Dokumenter dir den Ament ausgeléint hutt, a wéini si zeréck bruecht gi mussen. Dir hutt d'Méiglechkeet, de Prêt fir eenzel Dokumenter oder fir alles ze verlängeren.

Aktualiséiert