ISBN, ISSN, ISMN an ISNI

ISBN, ISSN, ISMN an ISNI

D’Nationalbibliothéik agéiert als national ISBN-, ISSN- an ISMN-Agence. Dës Agencë sinn dofir responsabel, de lëtzebuergesche Publikatiounen eng Identifikatiouns­nummer ze ginn. D’BnL fungéiert och als ISNI-Enregistréierungs­agence. Zesummen droen déi Identifikatiouns­nummeren dozou bäi, datt déi lëtzebuergesch Publikatioune méi visibel am Ausland ginn, virun allem well se besser an internationalen Datebanke referenzéiert sinn.

ISBN

International Standard Book Number

D’ISBN ass eng standardiséiert international Nummer mat 13 Zifferen, fir Bicher, Broschüren, Léiermaterial, Mikroformen, CD-ROMen an digital Publikatiounen eendeiteg ze kennzeechnen. Eng Demande fir dës Identifikatiouns­nummer ze kréien, kann iwwert MyGuichet gemaach ginn.

Eng ISBN ufroen Websäit vun der internationaler ISBN-Agence

ISSN

International Standard Serial Number

D’ISSN ass eng standardiséiert international Nummer mat 8 Zifferen, fir fortlafend Wierker eendeiteg ze kennzeechnen, onofhängeg vum Land, an deem si publizéiert ginn, der Sprooch, dem Alphabet, der Heefegkeet, an der si erauskommen, an dem Support (gedréckten oder digital Publikatioun, CD-ROM, DVD-ROM, DVD-Video, Audio-CD). Eng Demande fir dës Identifikatiouns­nummer ze kréien, kann iwwert MyGuichet gemaach ginn.

Eng ISSN ufroen Websäit vun der internationaler ISSN-Agence

ISMN

International Standard Music Number

D’ISMN ass eng standardiséiert international Nummer, fir gedréckte Museks­publikatiounen eendeiteg ze kennzeechnen. D’BnL vergëtt keng ISRC (International Standard Recording Code), déi Dir normalerweis vun der Plackefirma kritt, oder EAN (European Article Number) Barcoden, déi vun der Chambre de Commerce verdeelt ginn. Eng Demande fir eng ISMN Identifikatiouns­nummer ze kréien, kann iwwert MyGuichet gemaach ginn.

 

Eng ISMN ufroen Websäit vun der internationaler ISMN-Agence

ISNI

International Standard Name Identifier

Den ISNI ass en international standardiséierte Code fir d’Identifizéierung an d’Gestioun vun ëffentlechen Identitéite vu Persounen an Organisatiounen, déi un der Kreatioun, Produktioun, Gestioun a Verbreedung vu geeschtegen a kënschtleresche Contenue bedeelegt sinn.

Den Ament identifizéiert d’Nationalbibliothéik natierlech Persounen, déi zum nationalen dokumentaresche Patrimoine bäidroen. Als ISNI-Enregistréierungsagence freet si d’Zouweisung vun engem ISNI un an erstellt an aktualiséiert dëse fir hir Autoritéitsdatei.

D’Zouweisung vun dëser ISNI-Kennung betrëfft ausschliisslech natierlech Persounen, déi an hirer Autoritéitsdatei opgefouert sinn. Laangfristeg wäert all dësen Autoritéitsdonnéën, déi am Kollektivkatalog a-z.lu opgeholl ginn, en ISNI zougewisen, wat d’Identifizéierung vun de Contributeuren an d’Interoperabilitéit vun den Donnéeën erliichtere wäert.

Websäit vun der internationaler ISNI-Agence

Aktualiséiert