Servicer
Servicer
- 
        
            
Aschreiwung
D’Aschreiwung fir eng Bibliothéikskaart ass fir all Persoun ab 14 Joer gratis.
 - 
        
            
Prêt a Consultatioun
Eis Ressource sinn entweder fir de Prêt, fir d’Consultatioun am Liessall oder online verfügbar.
 - 
        
            
Prêt international
Iwwer de Service vum Prêt international kënnt Dir Fotokopië vun Zeitungsartikelen oder Bicher an Dissertatiounen aus auslännesche Bibliothéike bestellen.
 - 
        
            
Reprographie
Dir kënnt selwer Dokumenter scannen, kopéieren, printen oder op engem USB-Stick späicheren, respektiv per E-Mail verschécken.
 - 
        
            
Visitten an edukativ Offeren
D’Nationalbibliothéik organiséiert Féierungen duerch hir Raimlechkeeten fir Privatpersounen a Veräiner a bitt och Aktivitéite fir Schoulklassen un.
 - 
        
            
Dépôt légal
All Publikatioun, déi zu Lëtzebuerg erauskënnt, muss an der Nationalbibliothéik hannerluecht ginn.
 - 
        
            
ISBN, ISSN, ISMN an ISNI
D’Nationalbibliothéik agéiert als national ISBN-, ISSN- an ISMN-Agence. Dës Agencë sinn dofir responsabel, de lëtzebuergesche Publikatiounen eng Identifikatiounsnummer ze ginn. D’BnL fungéiert och als ISNI-Enregistréierungsagence.
 - 
        
            
Persistent Identifier
D’Nationalbibliothéik huet e Persistent-Identifier-System agefouert, deen um Archival-Resource-Keys-Format (ARK) baséiert a sécherstellt, dass Linken zu Lëtzebuerger digitale Ressourcen dauerhaft zougänglech bleiwen.
 
Aktualiséiert den