eluxemburg­ensia

eluxemburg­ensia

Iwwersiicht

De Lëtzebuerger Patrimoine online bréngen

Zanter 2002 digitaliséiert d’Nationalbibliothéik de gedréckte kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg a stellt en iwwer eluxemburgensia.lu online zur Verfügung. De Portal bitt och Zougang zu born-digital Publikatiounen.

Dës Aarbecht erliichtert den Zougang zu de Sammlungen, ënnerstëtzt nei Fuerschungsusätz a verbessert d’Visibilitéit vum schrëftleche Kulturierwen. Gläichzäiteg hëlleft dëst och déi fragil Originaler ze versuergen. Si steet och am Aklang mat den Ziler vun der Europäescher Unioun, fir de kulturelle Patrimoine méi breet online zougänglech ze maachen, besonnesch fir d’Fuerschung an d’Digital Humanities.

Muss ech ageschriwwe sinn, fir op eluxemburgensia.lu zouzegräifen?

Nee, Dir braucht keng Bibliothéikskaart, fir op d’Inhalter vun eluxemburgensia.lu zouzegräifen. Verschidden digitaliséiert Dokumenter kënnen esouguer als PDF erofgeluede ginn oder per E-Mail verschéckt ginn. Denkt awer wannechgelift drun, datt d’Benotzung vun dëse Materialien am Aklang mat den Droits d’auetur geschéien muss.

Wéi kann ech op der Websäit eng Recherche maachen?

De gréissten Deel vun der Nationalbibliothéik hiren digitaliséierte Ressourcen ass am Volltextmodus verfügbar, dat heescht: Dir kënnt dank der Optical-Character-Erkennung (OCR) eng Volltextsich maachen.

Niewent der Sich no Stéchwierder erlaabt Iech eluxemburgensia.lu och, no engem bestëmmten Zäitraum oder no enger bestëmmter Zort Dokumenter ze sichen. Duerno kënnt Dir d’Resultater verfeineren, andeems Dir méi Stéchwierder agitt oder d’erweidert Sich benotzt.

Wéi eng Dokumenter gi grad digitaliséiert?

Weider Informatiounen zu aktuellen Projeten fannt Dir op der Websäit eluxemburgensia.lu.

Aktuell Projeten entdecken

Aktualiséiert den