Visitten an edukativ Offeren

Visitten an edukativ Offeren

D’Nationalbibliothéik organiséiert Féierungen duerch hir Raimlechkeeten fir Privatpersounen a Veräiner a bitt och Aktivitéite fir Schoulklassen un. Beuecht wgl., datt privat Gruppevisitten ouni BnL-Guide net erlabt sinn.

Veräiner a Gruppen

Modalitéiten

D’Nationalbibliothéik bitt Féierunge fir Veräiner a privat Gruppen un. Fir dës Féierunge fale Käschten un. Si sinn och nëmmen op festgeluechten Datumer méiglech.

  • Dauer: ongeféier 1 Stonn an 30 Minutten
  • Sprooch: Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Englesch
  • Gréisst vum Grupp: 5–20 Persounen

D’Féierung gëtt eréischt confirméiert, wa mir déi ënnerschriwwen Offer kritt hunn.

Käschten

  • Grupp vu 5 bis 9 Persounen: Forfait vun 100 €
  • Grupp vun 10 bis 20 Persounen: Forfait vun 200 €
Eng Féierung ufroen

Schoulklassen

Modalitéiten

D’Nationalbibliothéik bitt Aktivitéite fir Schüler vu mindestens 14 Joer aus dem Secondaire (ab 5e) un.

  • Sprooch: Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch oder Englesch
  • Gréisst vum Grupp: 10–25 Schüler
  • Käschten: gratis

Enseignanten a Responsabel vun Dokumentatiouns- an Informatiounszenteren (CDI), déi eng Visitt organiséiere wëllen, si gebieden, eis esou fréi wéi méiglech ze kontaktéieren, wëll mir nëmmen eng limitéiert Zuel un Aktivitéiten ubidde kënnen an oft e puer Méint am Viraus ausgebucht sinn.

Féierung

Dës Féierunge ginn eng Introduktioun vun de Missiounen, Ressourcen a Servicer vun der BnL. Uschléissend entdecken d’Schüler de Liessall a verschidden Aarbechtsberäicher hannert de Kulisse vun der Bibliothéik. D’Féierung dauert ongeféier 1 Stonn a 30 Minutten.

Op Ufro kënne mir och eng Presentatioun vun Dokumenter aus de Spezialsammlungen organiséieren.

Autonom Visitt

E Mataarbechter presentéiert fir 15 bis 30 Minutten d’Aufgaben, Ressourcen a Servicer vun der BnL. Duerno ass d’Klass invitéiert, de Liessall a klenge Gruppe selbststänneg ze entdecken oder do ze schaffen, soulaang et néideg ass. Op Ufro kënne mir e Froebou fir d’Schüler zur Verfügung stellen.

Wärend der autonomer Visitt vum Liessall sinn d’Enseignanten dofir verantwortlech, datt d’Schüler de Reglement respektéieren. Mir recommandéieren dowéinst d’Präsenz vun e puer begleedende Persounen.

Eng Klassevisitt ufroen

IFEN-zertifiéiert Formatiounen

D’BnL organiséiert Formatiounen un, déi vum Institut de formation de l’Éducation zertifiéiert ginn a speziell fir Léierpersonal konzipéiert goufen.

Aktualiséiert den