Whistleblower

Whistleblower

D’Gesetz vum 16. Mee 2023 applizéiert sech op Auteure vu Meldungen déi am privaten oder ëffentleche Secteur schaffen an déi an engem beruffleche Kontext Informatiounen iwwer Verstéiss kritt hunn. Dorënner falen zum Beispill Employeën a Membere vu Verwaltungsréit, Benevollen a Stagiairen, Persounen déi ënnert der Opsiicht oder der Leedung vu Vertragspartner, Sous-traitanten a Fournisseure schaffen, mee och Drëtter, déi a Relatioun mam Auteur stinn, wéi zum Beispill Aarbechtskolleegen oder Familljememberen.

Intern Meldung

Persounen, déi Verstéiss géint d’Gesetz melle wëllen, kënnen eng intern Meldung maachen, andeems si sech op Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch un d’Nationalbibliothéik wenden:

No senger Meldung kritt den Auteur innerhalb vu siwen Deeg eng Empfangsbestätegung geschéckt an kritt innerhalb vun dräi Méint eng Réckmeldung.

Dëse Kanal ass just fir Persoune geduecht, déi eng professionell Relatioun zur BnL hunn. Wann Dir en Notzer sidd a gären eng Reklamatioun areeche wëllt, benotzt wgl. eise Kontaktformulaire.

Méi gewuer ginn

Extern Meldung

Persounen, déi Verstéiss géint d’Gesetz melle wëllen, kënnen déi extern Kanäl a Verfueren notzen, nodeems si eng Meldung iwwer intern Kanäl virgeholl hunn oder eng Meldung direkt iwwer extern Kanäl maachen.

D’Prozedur an de Suivi vun de Meldungen déi un eng zoustänneg Autoritéit iwwermëttelt gi sinn, si substanziell déi selwecht, wéi am Fall vun engem interne Kanal, ofgesi vun e puer Ausnamen:

  • Déi zoustänneg Autoritéite kënnen entscheeden, datt e Verstouss dee gemellt ginn ass, eendeiteg geréng ass, a kee weidere Suivi néideg ass, ausser de Fall ze clôturéieren.
  • Bei sech widderhuelende Meldungen, déi keng nei Informatiounen enthalen, kënnen déi zoustänneg Autoritéiten decidéieren de Fall net weider ze suivéieren.

Extern Kanäl

Déi zoustänneg Autoritéite sinn am Artikel 18 vum Gesetz opgelëscht:

  • d’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur - CSSF;
  • de Versécherungskommissariat - CAA;
  • d’Autorité de la concurrence;
  • den Enregistrement - AED;
  • d’Aarbechtsinspektioun - ITM;
  • déi national Dateschutzkommissioun - CNPD;
  • de Centre pour l’égalité de traitement - CET;
  • den Ombudsman am Kader vu senger externer Kontrollmissioun an Ariichtunge fir de Fräiheetsentzuch;
  • den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher;
  • d’Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut - ILR;
  • déi onofhängeg lëtzebuergesch Autoritéit fir audiovisuell Medien - ALIA;
  • de Barreau vu Lëtzebuerg an de Barreau vun Dikrech;
  • d’Chambre des notaires;
  • de Collège médical;
  • d’Naturverwaltung - ANF;
  • d’Waasserverwaltung - AGE;
  • d’Fluchsécherungsverwaltung - ANA;
  • den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun;
  • den Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils – OAI;
  • den Ordre des experts-comptables - OEC;
  • den Institut vun de Wirtschaftspréiwer - IRE;
  • d’Steierverwaltung - ACD.

Gesetzleche Schutz

D’Gesetz huet de Statut vum „Whistleblower“ agefouert, deen ënner zwou Bedéngunge geschützt gëtt:

  1. den Auteur vun enger Meldung muss raisonnabel Grënn hunn, fir ze mengen, datt déi matgedeelten Informatiounen iwwer Verstéiss zum Zäitpunkt vun der Meldung wouer waren an datt se an den Uwendungsberäich vun dësem Gesetz falen, an
  2. d’Meldung gouf schonn intern oder extern iwwer déi Kanäl matgedeelt, déi heifir virgesi sinn oder d’Informatioun gouf schonn, entspriechend den zoutreffende Bestëmmungen, ëffentlech bekanntgemaach.

Persounen déi Informatiounen iwwer Verstéiss anonym gemellt oder weiderginn haten, mee déi spéider identifizéiert goufen a Repressalie riskéieren, falen ënnert de Schutz vum dësem Gesetz. Dat selwecht gëllt fir Persounen déi Verstéiss bei den zoustännegen Institutiounen, Organer oder Organisatioune vun der Europäescher Unioun mellen.

Aktualiséiert