Prêt international
Prêt international
Demarche
Eng Demande maachen
Maacht fir d’éischt eng Recherche um Portal a-z.lu. Wann d’Dokument net am Bibliothéiksréseau disponibel ass, kënnt Dir et iwwer de Formulaire fir de Prêt international ufroen, andeems Dir Iech an Äre Benotzerkont aloggt.
Soubal d’Dokument ukomm ass, kritt Dir per E-Mail Bescheed gesot. Jee no de Reegele vun de Bibliothéiken, déi d’Dokument léinen, kënne verschidde Wierker just am Gebai vun der Nationalbibliothéik consultéiert ginn. Aner Dokumenter kënnen direkt beim Guichet vum Prêt ofgeholl ginn.
Wéinst Aschränkungen am Zesummenhang mat den Droits d’auteur sinn déi meescht Zäitschrëftenartikelen oder Buchkapitelen nëmmen a physescher Form disponibel. Eng elektronesch Iwwermëttlung ass an de meeschte Fäll net erlaabt.
Dauer vum Prêt
D’Dokumenter sinn normalerweis fir en Zäitraum vun dräi Wochen disponibel, vun deem Dag un un deem se an der Nationalbibliothéik ukommen. Dës Dauer kann a besonnesche Fäll jee no de spezifesche Bestëmmunge vun der Bibliothéik, déi d’Dokument léint, verlängert ginn.
Retouren
Déi ausgeléinte Wierker mussen um Guichet vum Prêt an der Nationalbibliothéik zréckbruecht ginn, an net iwwer déi automatesch Retourmaschinnen.
Käschten
All Bestellung iwwert de Prêt international ass mat Fraise verbonnen. All Dokument gëtt mat 5 € verrechent, mat Ausnam vu Wierker aus Bibliothéiken ausserhalb vun Europa, déi mat 25 € pro Dokument verrechent ginn. D’Rechnunge gi per E-Mail verschéckt.
D’Dokumenter musse mat Virsiicht behandelt ginn. Dir sidd verantwortlech fir all Schued, Verloscht oder Déifstall, deen un den ausgeléinte Wierker entsteet.
Dokumenter, déi net bestallt kënne ginn
Verschidden Zorten vun Dokumenter kënnen net iwwert de Prêt international bestallt ginn. Dës beinhalt ënnert anerem:
- Dokumenter, déi an de Bibliothéike vum bibnet.lu-Reseau disponibel sinn,
- Referenzwierker,
- seelen oder wäertvoll Bicher, Bicher vun virun 1900,
- Wierker, déi engem speziellen Zweck déngen (Ënnerhalungsliteratur, Ratgeber, Reesguiden, sproochlech Bildungsmaterialien),
- rezent publizéiert Bicher,
- komplett Hefter oder Joergäng vun enger Zäitschrëft.
Relevant Theemen
Oft gestallte Froen
Wéi laang dauert et, bis ech en ugefroten Dokument kréien?
D’Liwwerzäit hänkt vun der Bibliothéik of, déi d’Dokument léint, a kann e puer Wochen daueren. Soubal d’Dokument ukomm ass, kritt Dir per E-Mail Bescheed gesot.
Firwat gouf meng Demande refuséiert?
Verschidden Dokumenter kënnen net iwwer de Prêt international bestallt ginn, zum Beispill wann se am bibnet.lu-Reseau zu Lëtzebuerg disponibel sinn, net fir Fuerschungszwecker geduecht sinn oder ze rezent sinn.
Kann ech d’Dokumenter am PDF-Format kréien?
An der Reegel nee. Wéinst den Droits d’auteur ginn d’Dokumenter a Papeierform geliwwert a net als PDF verschéckt. Eng elektronesch Iwwermëttlung ass net erlaabt.
Aktualiséiert den