Reprographie
Reprographie
Selwer printen, kopéieren a scannen
Poste fir ze scannen an ze drécken
Dir kënnt selwer Dokumenter scannen, kopéieren, printen oder op engem USB-Stick späicheren, respektiv per E-Mail verschécken. D’Apparater, déi Dir dofir braucht, stinn Iech an de Kopéierraim am Sous-sol an um 2. an 3. Stack vum Liessall zur Verfügung. Am Sous-sol kënnt Dir ausserdeem Extraite vu Mikroform-Dokumenter erausdrécken oder scannen.
Dir musst sécherstellen, datt all Kopien oder Scannen, déi Dir maacht, d’Droits d’auteur respektéieren.
Guiden
Wéi kann ech Suen op mäi Kont setzen?
Am Accueil oder op engem BnL-Computer hutt Dir d’Méiglechkeet, Suen op Är Bibliothéikskaart ze lueden.
Um Computer, klickt op d’Ikon »Print & Scan Account«. Eng nei Fënster geet op, déi Äre Printkont weist. An der Navigatiounskolonn lénks wielt »Add Money« a suivéiert d’Instruktiounen, fir d’Bezuelung ofzeschléissen.
Wéi kann ech Dokumenter vun engem Computer an der BnL aus printen?
- Lancéiert den Drock vun engem Dokument vun engem BnL-Computer aus.
- Connectéiert Iech mat engem vun eise Printer, andeems Dir Är Bibliothéikskaart scannt.
- Wann de Printer am »mode veille« ass, waart bis de Menü um Bildschierm ugewise gëtt.
- Tippt op »Print Release« a wielt dann eenzel Dokumenter aus oder tippt op »Print all«.
Wéi kann ech Dokumenter vu mengem eegenen Apparat aus printen?
- Schéckt d’Dokument(er) als Unhang op print@bnl.etat.lu. D’E-Mail muss vun der Adress aus geschéckt ginn, déi an Ärem Lieserkonto uginn ass! Dokumenter iwwert dës Functioun ze printen, geet nëmmen am A4-Format, a schwaarz-wäiss, a just um Recto. Kompatibel Dateien sinn: PDF, BMP, DIB, GIF, JFIF, JIF, JPE, JPEG, JPG, PNG, TIF an TIFF.
- Connectéiert Iech mat engem vun eise Printer, andeems Dir Är Bibliothéikskaart scannt.
- Wann de Printer am »mode veille« ass, waart bis de Menü um Bildschierm ugewise gëtt.
- Tippt op »Print Release« a wielt dann eenzel Dokumenter aus oder tippt op »Print all«.
Wéi benotzen ech d’Scanneren?
- Leet Är Bibliothéikskaart op den Apparat, deen un de Scanner ugeschloss ass.
- Konfiguréiert Är Scanoptiounen um Monitor.
- Wann Dir fäerdeg sidd mat scannen, späichert d’Dokument op en USB-Stick oder schéckt et op d’E-Mail-Adress, déi an Ärem Lieserkonto uginn ass. Vergiesst net Är Bibliothéikskaart matzehuelen.
Relevant Theemen
Reprographie duerch eist Personal
Drécken a kopéieren
Déi folgend Tariffer gëllen och fir Kopië vu Mikroformen.
Reprographien, déi vun eisem Fotoatelier gemaach ginn
D’Nationalbibliothéik produzéiert nëmme fotografesch Reproduktioune vun Dokumenter, déi se besëtzt. Dir kënnt eng Bestellung iwwer MyGuichet.lu maachen.
Dokumenter, déi schonn digitaliséiert goufen, ginn Iech gratis zur Verfügung gestallt (ausser Frausen vun 10 €). Déi Dateie kënnt Dir online iwwer e Link erofgelueden.
Reprographien vun Audiodokumenter
D’Nationalbibliothéik mécht nëmme Kopië vun Audiodokumenter aus hiren eegenen Archiven, déi et net méi am Handel ze kafe ginn, virausgesat, datt dës Kopie fir e privaten oder wëssenschaftlechen Zweck benotzt gëtt.
Pro ugefaange Véierelstonn kascht d’Reprographie vun enger CD 5 €. Déi vun aneren analogen oder digitale Medie gëtt mat 7 € facturéiert. D’Kopië ginn Iech als mp3-Datei iwwert e Link zougänglech gemaach.
Oft gestallte Froen
Däerf ech eng Reproduktioun publizéieren?
Eng Reprographie muss am Aklang mat de Gesetzer sinn an den Droit d’auteur respektéieren. Et ass Är Verantwortung, fir d’Auteurs- an d’Diffusiounsrechter vum reproduzéierten Dokument ze klären. All Verëffentlechung vun engem Dokument, dat zu eise Sammlunge gehéiert, muss d’Mentioun »Bibliothèque nationale du Luxembourg« droen an e Belegexemplar muss an der BnL deposéiert ginn.
Kënnt Dir mir eng Erlabnis fir d’Publizéiere ginn?
D’BnL besëtz net d’Rechter a kann Iech dofir keng Erlabnis ginn. Dir musst selwer iwwerpréiwen, ob déi geplangten Notzung ënner eng gesetzlech Ausnam fält. Wann dat net de Fall ass, mussen déi néideg Rechter ageholl ginn.
D’Klärung vu Rechter gehéiert net zu de Servicer, déi vun der BnL ugebuede ginn.
D’Verantwortung läit bei Iech, wann Dir Texter oder Biller iwwer déi gesetzlech Ausnamen eraus benotze wëllt.
Wat sinn d’Droits d’auteur?
D’Droits d’auteur sinn Deel vum intellektuellen Eegentum a ëmfaassen de Beräich vum literareschen a kënschtlereschen Eegentum.
Si ëmfaassen:
- Verwertungsrechter: d’Recht, e Wierk ze vervillfältegen, ze verdeelen an ekonomesch ze notzen
- Urheberperséinlechkeetsrechter: d’Recht op Nennungsrecht an op d’Respektéiere vun der Integritéit vum Wierk
Déi schafend Persoune kréien dës Rechter automatesch mat der Schafung vum Wierk, ouni Registréierung. D’Rechter kënnen un d’Ierwen iwwerginn oder un Drëttpersounen (Verlagen, Verwertungsgesellschaften asw.) ofgetruede ginn.
Aktualiséiert den