Fräizäitpress

Fräizäitpress

D’Nationalbibliothéik offréiert Iech gratis Zougang zu enger grousser Auswiel un Zeitungen, Zäitschrëften a Revuen. Sief et Noriichten oder Artikelen iwwer Bastelen, Gaardenaarbecht, Sport oder Moud – an de sëllegen nationalen an internationale Publikatioune fannt Dir genau dat Richtegt.

Lëtzebuergesch Press

An Zesummenaarbecht mat de lëtzebuergesche Medien, garantéiert d’Nationalbibliothéik net nëmmen en demokrateschen Zougrëff op de gedréckte Press, mee och op d’digital Versioune vum Luxemburger Wort, Luxembourg Times, Tageblatt, Le Quotidien, Reporter.lu a Journal.lu.

Dës Offer kann just bannent dem Gebai vun der Nationalbibliothéik genotzt ginn.

Zougrëff via a-z.lu

International Press

PressReader

PressReader bréngt méi wéi 7.000 digital Publikatiounen aus iwwer 120 Länner zesummen, wéi zum Beispill The Guardian, La Gazzetta dello Sport oder Correio da Manhã.

Zougrëff via a-z.lu

Europresse

Mat Europresse gräift Dir op iwwer 14.000 frankophon Sourcen, dorënner regional, national an international, esou wéi allgemeng a spezialiséiert Press zeréck. Bekannte Publikatioune wéi L’Équipe, Madame Figaro a Le Point gehéieren zu den Titelen, déi disponibel sinn.

Zougrëff via a-z.lu

GENIOS

GENIOS bitt Zougrëff op iwwer 420 Dages- a Wochenzeitungen, dorënner haaptsächlech däitschsproocheger aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz. Zousätzlech zu de bekannten Zeitungen, fënnt een och en groussen Archivfong. Dir kënnt zum Beispill op taz, Focus an Die Welt zougräifen.

Zougrëff via a-z.lu

Oft gestallte Froen

Muss ech als Lieser ageschriwwe si fir op digital Press zougräifen ze kënnen?

Jo, Dir musst als Lieser an der Nationalbibliothéik ageschriwwe sinn an eng valabel Bibliothéikskaart hunn. Bedéngt wgl. datt just Leit mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg oder an de Grenzregiounen op digital Ressourcen zougräifen dierfen.

Méi iwwert d’Aschreiwung

Muss ech mech op engem Computer vun der BnL alogge fir déi lëtzebuergesch Press ze consultéieren?

Nee, Dir kënnt op dës Offer och vun Ärem perséinlechen Apparat aus zougräifen. Allerdéngs musst Dir mam WiFi-Netzwierk vun der Nationalbibliothéik verbonne sinn.

Kann ech d’PressReader-App benotzen?

Jo, mee Dir musst e puer Schrëtt maache fir d’PressReader-App mat Ärem Lieserkont ze verbannen.

  1. Op Ärem Handy oder Ärer Tablett, loggt Iech op a-z.lu an a gitt op d’Säit vu PressReader, andeems Dir op de Link klickt.
  2. Erstellt en neie Kont um Site vu PressReader oder loggt Iech mat engem existéierenden Kont an.
  3. Lued Iech d’App erof a loggt Iech mat Ärem PressReader-Kont an.

D’Verbindung mat Ärem Lieserkont vun der Nationalbibliothéik leeft no 2 Méint of. Dir musst dann dës Schrëtt nees widderhuelen.

Aktualiséiert den