Plakat- a Postkaartesammlung

Plakat- a Postkaartesammlung

Iwwersiicht

Inhalt vun der Sammlung

Plakater

D’Plakat- an d’Postkaartesammlung ëmfaasst ronn 50 000 lëtzebuergesch Plakater aus verschiddenen Zäiten. Déi schonn digitaliséiert a katalogiséiert Plakater decke verschidde Beräicher of, dorënner den Tourismus, illustréiert Plakater vu virun 1940, Textplakater vu virun 1940 (Reglementer, Steeën), Baler a Fester am ganze Land, Sport, Reklammsplakater, Foiren, Joresdeeg vu Stied, Uertschaften a Gemengen souwéi déi éischt Plakater vun der Nationallotterie. D’Sammlung gëtt reegelméisseg duerch nei Acquisitiounen erweidert.

Illustréiert Postkaarten

D’Plakat- an d’Postkaartesammlung ëmfaasst ronn 60.000 illustréiert Postkaarten am Zesummenhang mat Lëtzebuerg. Als illustréiert Postkaart gëllt all Kaart, déi zu Lëtzebuerg oder am Ausland publizéiert gouf an eng Illustratioun mat Bezuch op Lëtzebuerg weist. Dës Kaarten, déi fir den oppene Postversand geduecht waren, si souwuel a verschéckter wéi och a net benotzter Form erhale bliwwen.

D’Motiver si villfälteg a reeche vu geographeschen Duerstellunge bis zu enger grousser Zuel vun aneren Themen. D’Sammlung enthält och illustréiert Korrespondenzkaarten a Fotopostkaarte mat opgedrécktem Adresseraster.

Sichen a consultéieren

Plakater

De Bestand gëtt no an no digitaliséiert, an en Deel vun den Dokumenter kann op eluxemburgensia.lu consultéiert ginn. Dir kënnt dës Dokumenter iwwer den Online-Katalog a-z.lu sichen a reservéieren.

Dës Dokumenter kënne just op der Plaz a mat Rendez-vous am Rara-Liessall Dr Jean-Claude Loutsch consultéiert ginn.

Méi gewuer ginn iwwer a-z.lu

Illustréiert Postkaarten

Déi digitaliséiert Postkaarte sinn iwwer de Portal eluxemburgensia.lu zougänglech. Si kënnen awer weder iwwer d'Sichfunktioun vun eluxemburgensia.lu nach iwwer a-z.lu recherchéiert ginn. D’Kaarten si no Theemen a geographesche Beräicher klasséiert, jee no hirem Bildmotiv.

Fir d’Auteursrechter ze respektéieren, kënnen d’Postkaarten an héijer Opléisung nëmmen an der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg consultéiert ginn. Op der Plaz kënnen d’Dateien och am PDF-Format erofgeluede ginn.

Eng Consultatioun op der Plaz vun den Originaler ass nëmmen an aussergewéinleche Fäll erlaabt.

Méi gewuer ginn iwwer eluxemburgensia.lu

Reprographie

Dokumenter aus dëser Sammlung dierfen nëmme vun eisem Personal kopéiert ginn.

Méi iwwer d’Reprographie gewuer ginn

Aktualiséiert den