Magaséngen

Magaséngen

Am Liessall fënnt ee just e Brochdeel vun der Offer vun der Nationalbibliothéik. Déi aner Dokumenter sinn an de Magaséngen, déi eng laangfristeg Konservéierung vun eise Fongen garantéieren. All d’Ressourcë kënnt Dir iwwer d’Online-Sichmaschinn a-z.lu recherchéieren, reservéieren a consultéieren.

Konservéierungsmesuren

D’Gäng ronderëm d’Magasénge bilden eng Pufferzon an trennen dës klimatesch vum Rescht vum Gebai a vun de baussechte Maueren. Dank enger konstanter Loftfiichtegkeet vu 50 % (+/- 5 %) an enger Temperatur vun 18 °C (+/- 2 °C) profitéieren d’Magasénge vun optimale klimatesche Bedéngunge fir d’Konservéierung vu Pabeierdokumenter.

Andeems all eenzele vun de fënnef Stäck a jeeweils 11 Kompartimenter opgedeelt ass, gëtt verhënnert, dass sech en eventuellt Feier op de ganze Stack ausbreet. Zousätzlech goufen an de Magaséngen d’elektresch Elementer reduzéiert an all technesch Komponenten, vun deene méiglech Gefore kéinten ausgoen, ausserhalb vun de Magaséngen installéiert, fir z. B. e Brand duerch e Kuerzen ze verhënneren. D’Luuchten an d’Steckdousen an de Magasénge gi just da mat Stroum versuergt, wa sech e Mataarbechter am Raum ophält.

Doniewent sinn d’Magaséngen de Sammlungen ugepasst, déi an hinne gelagert ginn. Plakater, Kaarten, Portraiten, etc. sinn a spezielle Schief ënnerbruecht. Al a méi sensibel Dokumenter ginn a saierfräi Këschte verpaakt an an d’Regaler gestallt.

E Bléck hannert d’Kulissen

Entdeckt déi villsäiteg Aufgabe vun eise Mataarbechter.

Aktualiséiert