Kollaboratiounen
Kollaboratiounen
Iwwersiicht
National Roll an Dokumentatiounsservicer
D’Nationalbibliothéik koordinéiert de Reseau vun ëffentlechen, spezialiséierten a wëssenschaftleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg a geréiert den Zougang zu digitalen Ressourcen fir den Enseignement a fir ëffentlech Institutiounen.
Reseau bibnet.lu
Am Joer 1985 huet d’Nationalbibliothéik de Bibliothéiksreseau bibnet.lu gegrënnt. Haut bréngt dëse Verbond ronn 90 Bibliothéike vu Kulturinstituter, Universitéits- a Schoulbibliothéiken, ëffentlech Bibliothéiken a Fachbibliothéiken zesummen.
D’Nationalbibliothéik koordinéiert de bibnet.lu Reseau a suergt fir säi gudde Fonctionnement. Zesumme mam Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) entwéckelt a betreit si d’digital Outilen, déi vun alle Membere genotzt ginn. De Reseau schafft och enk mam Konsortium Lëtzebuerg zesummen.
D’Bestänn vun alle bedeelegte Bibliothéike sinn an engem gemeinsame Katalog zesummegefouert, deen online iwwer d’Sichmaschinn a-z.lu zougänglech ass.
Konsortium Lëtzebuerg
D’Nationalbibliothéik ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch Bibliothéike bei der Entwécklung an der Gestioun vun hiren digitale Bestänn. Dëse Service ëmfaasst d’Integratioun an d’Valorisatioun vu Metadaten, déi statistesch Iwwerwaachung vun elektronesche Ressourcen, d’Ënnerstëtzung vun de Bibliothéiken an hiren Notzer, d’Berodung bei Lizenzfroen an d’Begleedung bei Verhandlunge mat Fournisseuren. Esou koordinéiert d’BnL ënner anerem de Projet ebooks.lu, e gratis Service fir E-Books a Lauschterbicher op Franséisch, Däitsch an Englesch.
Doriwwer eraus ass d’Nationalbibliothéik och de Sëtz vum Konsortium Lëtzebuerg. Deem seng Missioun ass et, Ressourcen ze bündelen, fir den Zougang zu gemeinsame wëssenschaftlechen digitale Ressourcen (Datebanken, Zäitschrëften an E-Books) ze verhandelen, ze kafen an ze geréieren. Dobäi sollen optimal Konditioune vu Präisser a Kontrakter fir seng Memberen erreecht ginn.
Conseil supérieur des bibliothèques
D’Nationalbibliothéik ass Member vum Conseil supérieur des bibliothèques a féiert säi Sekretariat.
D’geännert Gesetz vum 24. Juni 2010 iwwer ëffentlech Bibliothéike setzt fir d’éischt Kéier e legale Kader fir ëffentlech Bibliothéiken zu Lëtzebuerg fest. Et betrëfft kommunal an assoziativ Bibliothéiken, déi vum Minister fir Kultur guttgeheescht sinn, an net all Bibliothéiken, déi mat ëffentleche Gelder finanzéiert ginn.
Fir dës Geneemegung ze kréien, mussen ëffentlech Bibliothéiken e puer Konditiounen erfëllen, dorënner d’obligatoresch Memberschaft am nationale Reseau vun de Lëtzebuerger Bibliothéiken.
Relevant Theemen
Weider Kollaboratiounen
National Kollaboratiounen
International Kollaboratiounen
- Europeana
- Réseau francophone numérique (RFN)
- Karlsruher virtueller Katalog (KVK)
- International Federation of Library Associations and Institutions (IFLA)
- Ligue des bibliothèques européennes de recherche (LIBER)
- International Internet Preservation Consortium (IIPC)
- European Bureau of Library Information and Documentation (EBLIDA)
- The International Group of Ex Libris Users, dont le groupe de travail Consortia (IGeLU)
- German, Austrian and Swiss Consortia Organisation (GASCO)
- InternationaI Coalition of Library Consortia (ICOLC)
- United Kingdom Serials Group (UKSG)
- Conference of European National Librarians (CENL)
- Conference of Directors of National Libraries (CDNL)
- Association internationale francophone des bibliothécaires et documentalistes (AIFBD)
- Open Preservation Foundation
- Digital Preservation Coalition (DPC)
- Consortium of European Research Libraries (CERL)
Aktualiséiert den