Datebanken
Datebanken
Datebanke sinn eng wichteg Ressource fir d’Fuerschung an de Studium a ville Beräicher. Si erméiglechen den Zougrëff op eng Hellewull un Informatiounen, wéi zum Beispill wëssenschaftlech Artikelen, Enzyklopedien, Statistiken oder aner Publikatiounen, mat deenen Dir Äert Wëssen zu engem bestëmmten Thema verdéiwe kënnt.
Allgemenges
Brockhaus Enzyklopädie & Klima der Welt
Dës Enzyklopedie, déi viru méi wéi 200 Joer gegrënnt gouf, ass mat aktuell 300.000 Stéchwierder an erkläerte Begrëffer deen ëmfangräichsten fachlech gepréifte lexikalesche Bestand am däitsche Sproochraum. Ronn 33.000 Biller, Audio- a Videodateien, deelweis interaktiv Grafiken, Kaarten an Tabelle verdéiwen an illustréieren d’Informatiounen.
Am Wëssensportal „Klima der Welt“ fannt Dir alles, wat wichteg ass iwwert d’Klima: Den Zoustand, Faktoren, Geschicht an Zukunftszenarien. Dobäi weist de Portal och, wéi eng Roll de Mënsch beim haitege Klimawandel spillt a wéi eng Gefore fir d’Ëmwelt an d’Gesellschaft aus de Verännerunge vum Klima entstinn.
Statista
Statista ass e Statistik-Portal, dee statistesch Donnéeën aus verschiddenen Instituten a Sourcen zesumme féiert. D’Datebank bitt iwwer 1 Millioun Statistiken zu iwwer 80.000 Theme vu méi wéi 18.000 verschiddene Sourcen, wéi zum Beispill Informatiounen zu Entreprisë mat Chiffres clés vun iwwer 1.000 Entreprisen. Si enthält och sektoriell Informatioune vun der Landwirtschaft bis iwwer Administratiounen oder aus dem Sozialberäich a bitt och Infographiken zu aktuellen Themen.
Oxford Reference Premium
Oxford Reference ass eng hëllefräich Online-Referenz, déi 25 verschidde Fachgebidder ofdeckt an 2 Milliounen digitaliséiert Artikelen aus den Dictionnairen, Companions an Enzyklopedië vun Oxford University Press ubitt.
Konscht a Musek
Benezit Dictionary of Artists
Säit senger éischter Verëffentlechung am Joer 1911 huet sech de Benezit Dictionary of Artists zu enger wichteger an ausgibeger Ressource fir Kënschtlerbiographien entwéckelt. Benezit ass bekannt fir seng global Reechwäit a seng grouss Ofdeckung vun europäesche Kënschtler. Besonnesch un Benezit ass och, datt een Informatiounen zu obskuere Kënschtler, historesch Opzeechnunge vun Auktiounen an iwwer 11.000 Ofbildunge vu Kënschtlersignaturen, Monogrammen a Cachete ënnt.
Musik in Geschichte und Gegenwart (MGG)
Den enzyklopedeschen Usproch vu Musik in Geschichte und Gegenwart (MGG) ënnerscheet si vun anere Referenzwierker. Dës Datebank bitt wäitreechend Artikelen net nëmmen zu all de Museksberäicher, mee och zu aneren, relevante Beräicher, wéi Literatur, Philosophie a Konscht.
Droit
Strada Lex Luxembourg a LexNow sinn zwou juristesch Ressourcë fir Lëtzebuerg. Wärend Strada Lex Luxembourg déi lëtzebuergesch an europäesch Legislatioun a Jurisprudenz, esou wéi och d’Doktrinn an allen Branchë vum Droit thematiséiert, ass LexNow op d’Steierrecht, d’Aarbechtsrecht, Gesellschafts- a Finanzsektorrecht, IP/IT, d’Zivilrecht, den Droit vum Fonds d’investissement, dem GRJL an dem Immobiliensektorrecht spezialiséiert.
Geschicht
RetroNews
Mat RetroNews hutt Dir Zougrëff op iwwer 2.000 franséisch Pressetitelen aus de Sammlunge vun der franséischer Nationalbibliothéik vun 1631 bis 1950.
Enzyklopädie der Neuzeit
D’Enzyklopädie der Neuzeit bitt mat iwwer 4.000 Stéchwierder en facettëräiche Bléck op d’Zäitalter vun der Mëtt vum 15. bis zur Mëtt vum 19. Joerhonnert. D’Perspektiv ass europäesch, mee dat bedeit net, datt d’Siicht op de Rescht vun der Welt verspäert ass. Ganz am Géigendeel, d’Bezéiungen tëscht den europäeschen an anere Kulture ginn intensiv thematiséiert.
Oxford Scholarly Editions Online – Classics
Entdeckt déi kritesch Editioune vun der Oxford University Press, dorënner d’Rei Oxford Critical Texts, Kommentaren an Iwwersetzunge vun all de wichtege Wierker. D’Datebank enthält Texter an Iwwersetzungen zu all de wichtegen, laténgeschen Auteuren – vun Horaz, Ovid a Vergil bis zu Plinius de Jonken, Plautus, Sallust an Tacitus – esou wéi och zu de griicheschen Auteuren Aischylos, Sophokles an Euripides, dem Menander an Aristophanes an de Philosophë Platon an Aristoteles. Dir hutt Zougrëff op d’Moduler iwwer Laténgescht Drama, Geschicht a Poesie, griichesch Kaméidistécker an Tragödien.
Referenzéieren an zitéieren
Scopus
Scopus ass eng multidisziplinär Resumé- a Referenzdatebank fir Fuerschungsliteratur a vun Fachleit gepréiften Internetquellen. Si bitt verschidden Outile fir d’Fannen, Analyséieren a Visualiséiere vu Fuerschungsinformatiounen an de Beräicher Wëssenschaft, Technologie a Medezin, Sozial- a Geeschteswëssenschaften.
Web of Science
Web of Sciences ass eng staark, onofhängeg Sichmaschinn, déi weltwäit Publikatiouns- an Zitatiounsdonnéeë liwwert. Dës multidisziplinär Plattform verbënnt regional, fachspezifesch Donnéeën an Patenter mat der Web of Science Core Collection. Si erméiglecht et, Iddien duerch Disziplinnen an Zäit ze verfollegen, an dat Dank bal 1,9 Milliarden zitéierte Referenzen aus iwwer 171 Milliounen Datesätz.
All Datebanken
Eng grouss Zuel un Datebanken an allen Wëssensberäicher erwaart Iech um a-z.lu Portal.
Neies
Hei fannt Dir déi rezentsten Datebanken, déi an eis digital Offer opgeholl goufen.
-
Entdeckt Numérique Premium
D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng nei Datebank: Numérique Premium
-
Gratis Testzougrëff op Yearbook of Muslims in Europe
D’Nationalbibliothéik freet sech, hire Lieser bis zum 10. Abrëll 2024 een temporairen Testzougrëff op Yearbook of Muslims in Europe ubidden ze kënnen.
-
Entdeckt Restaurator
D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng weider Online-Fachzäitschrëft: Restaurator.
Aktualiséiert den