Entdeckt The New Yorker, Vogue, GQ an aner Titelen vu Condé Nast

D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng nei digital Offer: US-amerikanesch Publikatioune vu Condé Nast.

Dës Offer steet Iech iwwert d’Plattform PressReader zur Verfügung. Profitéiert gratis vun enger villsäiteger Auswiel un US-amerikanesche Publikatioune vu Condé Nast, dorënner The New Yorker, Vogue, Condé Nast Traveler, GQ, Architectural Digest, Vanity Fair a Bon Appétit. D’Editioune vun de leschten dräi Méint sinn disponibel.

Zougrëff via a-z.lu

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert den