Entdeckt den New England Journal of Medicine an NEJM Evidence

D’Lieser vun der Nationalbibliothéik hunn elo Zougrëff op eng nei digital Offer: New England Journal of Medicine an NEJM Evidence.

Den New England Journal of Medicine (NEJM) ass eng renomméiert medezinesch Fachzäitschrëft, déi sech op d’klinesch Fuerschung an d’medezinesch Praxis konzentréiert. Ergänzt gëtt den NEJM duerch d’Zäitschrëft NEJM Evidence, déi fréi Phase vun Etüden an nei methodesch Usätz an der medezinescher Fuerschung thematiséiert.

Den NEJM ass online ab 1990 disponibel. Gedréckten Ausgaben aus de Joren 1968 bis 2010 kënnen och an der Nationalbibliothéik consultéiert ginn.

Zougrëff via a-z.lu (NEJM) Zougrëff via a-z.lu (NEJM Evidence)

▪ D’Informatiounen an dësem Artikel sinn zum Zäitpunkt vu senger Publikatioun korrekt. Beuecht wannechgelift, datt sech eis digital Offer stänneg weiderentwéckelt. Dowéinst kënne verschidden Informatiounen, wéi z. B. d’Modalitéite fir den Zougrëff oder den Inhalt vun Datebanken, säitdeem geännert hunn oder net méi aktuell sinn.

Aktualiséiert den