Ënnerschreiwe vun enger Lizenz fir d’Online-Bereetstellung vu vergraffene Wierker

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) an d’Luxorr (Luxembourg Organization for Reproduction Rights) hunn eng historesch Pilotlizenz ënnerschriwwen, fir d’Online-Verfügbarkeet vu vergraffene Wierker ze erméiglechen.

Dës innovativ Reegelung ass Deel vun der Strategie fir d’Erhalen an d’Verbreede vum Lëtzebuerger Kultur­ierwen, déi am Kader vun der Visioun 2030 vun der BnL entwéckelt gouf, a garantéiert gläich­zäiteg eng gerecht Vergütung fir d’Ayants droit an d’Respektéiere vun hire Rechter.

E Wierk gëllt als net méi am Handel verfügbar, wann et iwwer déi üblech kommerziell Kanäl net méi zougänglech ass, onofhängeg vum Format. Dës Ofkommes ëmfaasst och Wierker, déi ni kommerziell exploitéiert goufen, wéi zum Beispill Publikatioune vun ëffentlechen Institutiounen an Associatiounen.

Dës Pilotlizenz mat „erweiderter Wierkung“, déi nei zu Lëtzebuerg ass, ass e grousse Fortschrëtt fir d’Bereetstellung vum Patrimoine. Hir juristesch Basis ass d’Gesetz vum 1. Abrëll 2022 fir d’Ëmsetzung vun der EU-Direktiv iwwer d’Auteursrecht am digitale Bannemaart (2019/790). Eng Lizenz mat „erweiderter Wierkung“ erlaabt och méiglecherweis onbekannten oder nach net mandatéierten Ayants droits vun der Luxorr mat ofzedecken a léist domat eng historesch Erausfuerderung: déi oft onméiglech Identifizéierung vu Ayants droit vu patrimoniale Sammlungen.

D’BnL wäert Ufank 2025 eng Lëscht vun de Wierker, déi si als net méi am Handel verfügbar consideréiert, um Portal vum EUIPO (Office de l’Union européenne pour la propriété intellectuelle) verëffentlechen. Vun dësem Zäitpunkt u leeft eng sechs Méint laang Waardezäit, begleet vun enger Sensibiliséierungs­campagne. Wärend dëser Period kënnen d’Ayants droit hiert Récktrëttsrecht notzen.

Nom Oflaf vun dëser Frist trëtt d’Reegelung a Kraaft an d’Wierker ginn op eluxemburgensia.lu zougänglech gemaach. D’Ayants droit behalen zu all Moment hiert Recht, hir Wierker vum Portal zeréckzezéien

Dësen innovativen a kollaborative Projet tëscht Ayants droit, der BnL an der Luxorr ass e Meilesteen a bereet de Wee fir méi ëmfaassend Ofkommen an der Zukunft.

Aktualiséiert den