Pressecommuniqué
Am Kader vun hirem ambitiéisen Digitaliséierungsprogramm vum gedréckte Patrimoine, deelt d’Nationalbibliothéik (BnL) mat, datt déi kulturell a pädagogesch Zäitschrëft Galerie elo online zougänglech ass. Méi wéi 25 688 Säiten an 149 Ausgabe kënnen ab elo op eluxemburgensia.lu consultéiert ginn.
D’Galerie gouf 1982 gegrënnt als Nofollger vum Bulletin d’information du Centre culturel de Differdange. An d’Liewe geruff vum Cornel Meder an engem engagéierte Redaktiounskommitee, wor d’Zäitschrëft gläichermoossen am lokale Kultur- a Geschichtsliewe verankert, an huet national an international Themen ugeschwat. Mat enger Mëschung aus wëssenschaftlechen Artikelen, literareschen Texter, Rezensiounen a Reflexiounen iwwert de Patrimoine , huet sech d’Galerie – nieft Nos Cahiers an de Cahiers luxembourgeois – an de leschte véierzeg Joer als eng vun de wichtegste Literatur- a Kulturzäitschrëfte am Land etabléiert.
Nom Doud vum Cornel Meder am Joer 2018 hunn d’Membere vum Redaktiounskommitee, de Franck Colotte, den Armand Logelin, de Charles Meder an d’Françoise Meder, déi redaktionell Aarbecht weidergefouert, fir d’Joer ofzeschléissen. Dorënner war och eng virlescht Ausgab, an där 28 Auteuren aus der Lëtzebuerger Literaturzeen zesummen en Hommage un de Grënner vun der Galerie publizéiert hunn.
Aktualiséiert den