Pressecommuniqué
Am Kader vun hirem ambitiéisen Digitaliséierungsprogramm vum gedréckte Patrimoine kënnegt d’Nationalbibliothéik (BnL) d’Online-Publikatioun vun 63 historeschen Zäitschrëfte mat méi wéi 403.680 Säiten a 61.231 Nummeren un. Dës wäertvoll Dokumenter sinn elo gratis op der Plattform eluxemburgensia.lu zougänglech an erméiglechen et jidderengem, weesentlech Deeler vun der Lëtzebuerger Geschicht a Kultur nei ze entdecken.
Dës Initiativ stellt e wichtege Schratt bei der Conservatioun a Verbreedung vum nationale Patrimoine duer. Déi digitaliséiert Publikatiounen decken eng Abberzuel u Genren an Themen of a spigelen d’Entwécklung vun Iddien, Debatten a Realitéiten erëm, déi déi kulturell, intellektuell a sozial Landschaft vum Land gepräägt hunn.
Zu den digitaliséierten Zeitunge gehéieren Der Landwirth (1877-1941) an och Luxemburger Zeitung (1868-1941), déi eng vun de wichtegsten Dageszeitungen an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Press war. Si ass sechs Mol d’Woch erauskomm an et gouf vun 1902 un eng Moies- an eng Owesausgab. De Batty Weber war vun 1893 bis 1922 Chefredakter, éier hien zoustänneg fir d’Kulturssäiten an de Feuilleton gouf, besonnesch fir d’Dagesrubrik Abreiß-Kalender (1913-1940).
Dräi Titele goufe bei d’Gewerkschaftszeitungen um Portal eluxemburgensia.lu bäigesat: Die Laterne vum Lëtzebuerger Bierg an Hütte Verband d’Esch-sur-Alzette an Der Gewerkschaftler, organe officiel des syndicats libres luxembourgeois. vun 1917. Béid Publikatioune goufen 1919 duerch Der Proletarier, dat offiziellt Organ vun de fräie Gewerkschaften zu Lëtzebuerg, ersat.
Zu de besonneschen Ergänzunge gehéieren zwee Pressetitelen, déi de Stellewäert vun der Fra an der Lëtzebuerger Gesellschaft a Politik verdeedegen: Die Luxemburgerin. Zeitschrift für die gesamten Fraueninteressen Luxemburgs (1933-1937) vum Emma Weber-Brugmann an D’Letzebuergerin (1945-1946), déi vun der Union des Femmes luxembourgeoises no der Befreiung gegrënnt gouf.
Zur Kulturpress ziele kuerzlieweg literaresch Titele wéi Floréal (1907-1908), Clarté (1945), Ösling (1938) vum Evy Friedrich oder Die Tribüne (1935) vum Franz Clément.
Titelen, déi sech mat dem Éischten oder Zweete Weltkrich befaassen, sinn och elo online disponibel, dorënner d’Zäitschrëft The Fifth Division Diamond (1919), déi vun der US-Arméi zu Lëtzebuerg erausgi gouf. Ervirzehiewe sinn och d’Publikatioune vun der Lëtzebuerger Resistenz Die Wahrheit (kommunistesche Widderstand) an Ons Zeidong (Alweraje), déi tëscht 1940 an 1942 erauskomm sinn. Si goufen op Basis vun Originaler digitaliséiert, déi a geheimen Dréckereien ënnert Liewensgefor vun hire Produzenten hiergestallt goufen.
Déi offiziell Verëffentlechunge vun der Besatzungsmuecht Verordnungsblatt für Luxemburg (1941-1944) ergänzen déi Titelen, déi wärend dem Zweete Weltkrich erauskomm sinn. D’Mitteilungsblatt zielt 8 Ausgaben, déi tëscht 1941 an 1942 publizéiert goufen an d’Aktivitéiten an d’Entscheedunge vum Stillhaltekommissar für das Organisationswesen in Luxemburg festhalen. De Stillhaltekommissar war e wichtegen Hiewel bei der Indoktriniatioun vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung. Säin Zil war et, den Afloss vum Nationalsozialismus an de Lëtzebuerger Veräiner ze sécheren an sech de Patrimoine vu verbuedene Veräiner unzëeegnen.
D’BnL huet elo och mat enger éischter Digitaliséierungscampagne vu Publikatiounen aus dem Bildungssecteur ugefaangen. D’Zäitschrëft Fortschritt versicht, den Dialog an intellektuellen Discours beim Léierpersonal ze fërderen; L’Économiste du Grand-Duché de Luxembourg enthält d’Ekonomievirlesunge vum Professer Eugène Tedesco (1829-1889). Des Weidere goufen och Publikatiounen digitaliséiert, déi sech op d’Studenteliewe bezéien, wéi La Voix des Jeunes (1917-1969) an La Tribune du Clan des Jeunes (1949-1965).
Aktualiséiert den