Pressecommuniqué
D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) deelt mat, datt si eng bemierkenswäert Kollektioun vu méi wéi 1.100 historesche Portraiten um Portal eluxemburgensia.lu online gesat huet. Dës Portraite stamen aus dem 16. bis 19. Joerhonnert a weise Membere vum Adel souwéi Perséinlechkeeten, déi eng wichteg Roll am politeschen, sozialen a kulturelle Liewe vun hirer Zäit gespillt hunn.
Dorënner fënnt een de Johannes Sleidanus (1506–1556), Lëtzebuerger Historiker, de Pierre-Ernest Mansfeld (1517–1604), de Jean de Beck (1588–1648), Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg, de Wëllem I., Kinnek vun Holland (1772–1843), d’Maria Theresia, Keeserin vum Hellege Réimesche Räich (1717–1780) souwéi de Groussherzog Adolphe (1817–1905).
Dës Sammlung gouf komplett digitaliséiert an ass elo gratis op eluxemburgensia.lu zougänglech. Si stellt eng wichteg Ressource fir all déijéineg duer, déi sech fir Geschicht, d’Konscht vum Portrait an d’Duerstellung vun europäeschen Elitten iwwer d’Jorhonnerten interesséieren.
Aktualiséiert den