D’BnL publizéiert e Manuskript, dat mat KI-Technologie fir d’éischte Kéier transkribéiert gouf Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

Manuskriptesammlung

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg annoncéiert d’Digitaliséierung an d’Texterkennung (Optical Character Recognition) vum dräideelege Manuskript Myn wedervaren (Meng Erfarungen, d.h. Autobiographie) vum Lëtzebuerger Louis Joseph Zelle (8. Juni 1826 - 5. August 1899). D’Manuskript kann elo gratis op eluxemburgensia.lu gekuckt ginn.

Dëst Dokument huet eng besonnesch Plaz an der villsäiteger Literatur vun Zaldoten an Offizéier vun der hollännescher Kolonialarméi. Et ass net just eng detailléiert Erzielung aus der Perspektiv vun engem Offizéier, mä geheit och e kritesche Bléck op d’Hollännesch Kolonialzäit. Donieft sinn dem Zelle seng Memoiren e wichtegen Temoignage iwwert d’Kulturliewen zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu

KI-ënnerstëtzen Transkriptioun

Obwuel d’BnL scho laang Texterkennung bei gedréckten Wierker, wéi Zäitschrëften a Bicher, applizéiert, ass et vill méi komplex esou eng Texterkennung bei Manuskripter unzewenden an ass dowéinst net üblech. Dem Zelle säi Manuskript gouf vun der BnL digitaliséiert a fir d’éischte Kéier mat dem KI-Programm Transkribus an digitalen Text ëmgewandelt. Transkribus benotzt maschinellt Léiere fir handgeschriwwenen Text ze erkennen. Dës Technologie erméiglecht et historesch Manuskripter net nëmmen ze digitaliséieren, mee och ze transkribéieren, sou datt d’Dokumenter besser zougänglech a méi einfach benotzbar fir de Public ginn. Zousätzlech kann een esou och eng Volltext-Sich am Dokument maachen.

Mat Transkribus konnt BnL dofir suergen, datt dem Louis Joseph Zelle seng Texter mat héijer Genauegkeet entschlësselt goufen. De Programm léiert kontinuéierlech vu Korrekture vun Experten, a verbessert doduerch seng Erkennungsquot vu spezifeschen Handschrëften an historesche Schreifstiler.

De Jeff Schmitz, detachéierten Däitschenseignant (2022-2023), huet en Texterkennungsmodell vun Transkribus getest an duerno déi handgeschriwwen Texterkennung duerchgefouert a verbessert. Nieft dëser philologescher Aarbecht waren och Mataarbechter vun der IT an dem Katalogage bei der Ëmsetzung involvéiert.

Joseph Louis Zelle

De Louis Joseph Zelle huet sech 1848 fir sechs Joer an de Lëtzebuerger Jeeërbatailloun zu Iechternach ageschriwwen. 1854 huet hien decidéiert, sech der KNIL, der hollännescher Kolonialarméi, unzeschléissen, wou hie 26 Joer an Ostindien, elo Indonesien, gedéngt huet. An der Militärhierarchie ass den Zelle bis an den Offizéierrang geklommen nodeems hien d’hollännesch Nationalitéit ugeholl huet. Wärend senger Carrière gouf hien e puer Mol promouvéiert an huet de Rang vum Kapitän erreecht. Seng Aufgaben a militäresch Expeditiounen hunn hien an déi wäitste Regioune vum Malayseschen Archipel bruecht. 1880 huet den Zelle d’Arméi verlooss a koum zréck op Lëtzebuerg, wou hien 1899 un engem Schlag gestuerwen ass.

Den Zelle ass ee vun iwwer dausend Lëtzebuerger, déi tëscht der Franséischer Revolutioun an dem Éischte Weltkrich an der hollännescher Kolonialarméi gedéngt hunn. Hien ass ee vun de wéinegen Offizéier, déi am Detail iwwer hir Erfarunge berichten. No sengem Retour, huet den Zelle seng dräideeleg Autobiografie Myn wedervaren geschriwwen. Si wor gréisstendeels op hollännesch an den Zelle huet ronn fënnef an en halleft Joer dru geschafft. An dësem Wierk weist hien sech als en akkurate Chroniker, dee säi Liewenslaf an d’allgemeng Aktualitéit abënnt. Béid Niveaue ginn net nëmme presentéiert, mä och kommentéiert an dacks kritesch reflektéiert.

Aktualiséiert den